Search

You may also like

D‘Fauscht an der Täsch
Kultur Neiegkeeten

D‘Fauscht an der Täsch

Wéi d‘Maniff an de sozialen Netzwierker ugekënnegt gi war, hätt

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame
Kultur Neiegkeeten

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Schreiwes un d‘Buergermeeschtesch vu Paräis Anne Hidalgo, huet

De Govsat-1 gëtt als Investitioun gefeiert – mee kéint och de bluddegen Asaz vun Drone mat sech bréngen
Kultur Neiegkeeten

De Govsat-1 gëtt als Investitioun gefeiert – mee kéint och de bluddegen Asaz vun Drone mat sech bréngen

Den Owend tëscht 10 an 11 soll et sou wäit

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut

Vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut

An hirem zäithistoresche Réckbléck kucken déi zwee Artistenop eng virdigital Zäit zréck. D’Zäiten änneren sech, heescht et, an dat an engem Tempo, datt een net méi richteg nokënnt. Mir lafen dem Fortschrëtt hannendrun an en ass eis ëmmer e Schrëtt viraus.

No ‘Sorry fir deen Duercherneen’ (2017) a ‘Märd alors!!!’ (2019) ass dës neikabarettistesch Liesung eng ofwiesslungsräich, satiresch Zäitrees vun de 60erJore bis haut. Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekcassette bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie.

A Floppy, Dolby a Wifi ware keng Disney-Figuren … Humor, Ironie a Wuertwitz verbannen sech mat enger Dosis Nostalgie an natierlech mat de passende Lidderzitater aus där Zäit. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mee kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht.

De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.

Alles am Bléck

D’Kulturfabrik invitéiert den 22. Januar 2020 op déi satiresch Chronik „Fréier wor alles“. D’Diere maachen um 19:30 Auer op. Ticketen ginn et am Virverkaf fir 10 € (+ Fraisen), respektiv 7 € (+Fraisen) am reduzéierte Präis. Un der Oweskeess kascht den Ticket 15 €, reduzéiert 12 €.

Related topics Fréier wor alles, Humor, Ironie, Jhemp Hoscheit, Jules Arpetti, Kabaret, Kulturfabrik, satiresch Chronik, Smombie, virdigital Zäit
Next post Previous post