Search

You may also like

Miami-Beach: …zéng Deeg no der Katastroph
Neiegkeeten

Miami-Beach: …zéng Deeg no der Katastroph

Nom Deelastuerz vun den „Champlain Towers“ zu Surfside (Miami/FL) vum

money
De Covid19-Budget 2021 vum Pierre Gramegna
Neiegkeeten

De Covid19-Budget 2021 vum Pierre Gramegna

De Gesetzprojet fir de Budget 2021 huet de Finanzminister Pierre

Ännerungen am ëffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Ännerungen am ëffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt ab dem 10. Dezember

Eppes fir d‘Frënn vu Gegrilltem

Eng Etüd vun der Ëmweltverwaltung stellt fest: d‘Riewenholz eegent sech beschtens fir ze grillen

Eppes fir d‘Frënn vu Gegrilltem

Datt eis franséisch Noperen, also d‘Wënzer schonn zanter Mënschegedenke wëssen, bestätegt elo och eng Etüd vun der Ëmweltverwaltung: d‘Holz vun de Wäiriewen ass ideal fir ze grillen. Dat ass virun allem dem Fait geschëlt, datt dëst Holz net mat Schuedstoffer belaascht ass, an eng ganz gutt Densitéit, also ee gudde Brennwäert, Opweises huet.

Fir d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) ass d‘Holz vun de Wäiriewen awer och ee Puzzelstéck vun der ressourceneffizienter Kreeslafwirtschaft. Et misst natierelch séchergestallt sinn, datt iwwert d‘Riewenholz keng Schuedstoffer an d‘Liewensmëttel gelaangen. An dësem Kontext huet d‘Ëmweltverwaltung eng Etüd Verëffentlecht, déi d‘Potential vun dëser Holzaart ënnersicht.

Ënner Riewenholz versteet een dat eelert Stammholz an déi verholzten Haaptwuerzel vun der Rief. De Schnatt dee bei der Fleeg vun de Riewen ufält, wéi och déi net vollstänneg verholzte Wuerzel-Deeler ginn net dem Riewenholz zougerechent. Stellt sech nach d‘Fro, vu wéi enge Quantitéiten elo bei eis am Land rieds ass. Et jo wuel net dovunner auszegoen, datt es genuch zu Lëtzebuerg ufält.

Riewenholz© Ëmweltverwaltung

Dat kann een zwar esou behaapten, mee et géif ee falsch leien. All Joer gi vun de ronn 1.300 Hektar Wäibaufläch, gutt 20 Hektar ofgeholzt. Jee no Lag an Erneierungsfortschrëtt kommen esou tëscht 200 a 400 Tonne Material zesummen. Wann dat net sollt duer goen, esou bleift d‘Wäirief als gutt Alternativ awer attraktiv. Eng Attraktivitéit déi sech op d‘Eegenschafte vun dësem Holz berifft.

Wie mat Riewenholz grillt, mécht dat zuweilen och aus gastronomesche Grënn: déi vum Holz un d‘Fleesch oder de Fësch weidergeleeten „Aromaen“, suerge fir ee gustative Genoss deen een sollt erlieft, oder besser geschmaacht hunn. Och de Brennwäert ass immens, d‘Glous hält gefillt eng kleng Éiwegkeet. Dat bescht bleift, datt dëst Grillholz „naturbelooss“ an ze schued fir den Tipp ass.

Wann et och scho Riewenholz aus dem Ausland ze kafe gëtt, esou wier et schued, déi eege Riewen, wann se dann hiert Liewensenn erreecht hunn, ze notzen. Ee regionaalt Produkt, huet jo ee bessere CO2-Foussofdrock wéi alles wat vu wäit hir ugeschleeft muss ginn. Zudeem gëtt et vun „eise“ Leit gepréift, wat dem Produkt sollt guttgehale ginn. Et gëtt jo bisweile keng Virschrëfte fir Grillholz.

Illustratioun: © Ëmweltverwaltung

Related topics Brennwäert, Ëmweltverwaltung, Etüd, Grillen, Kreeslafwirtschaft, Riewen, Riewenholz
Next post Previous post