Search

You may also like

En Dënschdeg gëtt iwwert eng Gedenkminutt fir Covid19-Affer Debattéiert
Kultur Neiegkeeten

En Dënschdeg gëtt iwwert eng Gedenkminutt fir Covid19-Affer Debattéiert

D‘Petitiounskommissioun vun der Chamber huet den 18. Dezember 2020 d‘Ënnerschrëfte

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!

Et war haut viru genau 154 Joer, datt dem britesche

CNFP ënnert neier Presidence
Kultur Neiegkeeten

CNFP ënnert neier Presidence

Den Nationale Rot vun den Ëffentleche Finanzen (CNFP) huet zanter

frEsch: D’Schlëssele fir de Bâtiment IV gehéiert elo hinnen

E Freideg huet déi offiziell Schlësseliwwergab vum Bâtiment IV u frEsch stattfonnt. D’Madamm Margaux Radici, Head of Real Estate Luxembourg & Germany d’ArcelorMittal Luxembourg huet dobäi de Schlëssel fir eng Dauer vun 3 Joer un de Pierre-Marc Knaff, President vun der Asbl, iwwerginn.

Ufank vum 20. Joerhonnert ass de Bâtiment IV als Sëtz vun der Direktioun vum Site Esch-Schëffleng gebaut ginn. Nodeems Ufank 2000 hei eng Schoul fir d’Gesondheetsprofessioun war an d’Gebai ab 2014 eidel stoung, ass ArcelorMittal mëttlerweil de Proprietär. Fir un dat industriellt Ierwen bäizebehalen, huet een dem Gebai säin Originalnumm gelooss.

Déi Responsabel vu frEsch sinn houfreg, elo mat hirem Projet ufänken ze kennen. D’Associatioun bitt verschidden Acteuren (Awunner, Associatiounen, sou wéi kulturellen a soziokulturellen Institutitounen) eng Plaz fir Kreatiounen un. Virun allem ginn am Kader vun Esch 2022 ambitiéits Projeten erwaart.

E puer Andréck fannt Dir uewen an der Billergalerie © Stad Esch

Related topics Asbl frESCH, Bâtiment IV, Esch 2022, Frësch, Pierre-Marc Knaff, Schlësseliwwergab, Stad Esch
Next post Previous post