Frësch vereedegt!

Elo ass et offiziell: Haut de Moien huet am groussherzogleche Palais d’Vereedegungszeremonie vum Claude Haagen, Georges Engel a Yuriko Backes stattfonnt. D’Paulette Lenert, Ministesch fir Gesondheet a Konsumenteschutz iwwerhëlt elo zousätzlech d’Roll vun der Vize-Premierministesch.

Fir déi nei Regierungsmemberen steet nom feierleche Moment de politeschen Eescht un. Mat der Vereedegung huet de Claude Haagen (LSAP) d’Tâche vum Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, wéi och d’sozial Sécherheet iwwerholl. De Georges Engel (LSAP) këmmert sech ëm d’Beräicher Sport, Aarbecht, sozial a solidaresch Wirtschaft, wärend d’Yuriko Backes zur Finanzenministesch ernannt gouf.

Frësch vereedegt
(uewen v.l.n.r.): S.A.R. de Groussherzog (um Ecran); Lieutenant-Colonel Robert Kohnen, Aide de Camp um groussherzoglechen Haff; Xavier Bettel, Premier- a Staatsminister; Yves Arendt, Marechal de la Cour; Yuriko Backes, Finanzministesch © SIP / Jean-Christophe Verhaegen – (ënnen v.l.n.r.) Georges Engel, Sportsminister, Aarbechtsminister a Minister fir sozial a solidaresch Wirtschaft; Claude Haagen, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Minister fir sozial Sécherheet © SIP / Emmanuel Claude

Iwwer Twitter huet d’Diplomatin a Finanzexpertin, déi eréischt am Juni 2020 als Maréchale vum Haff an Ënnerstëtzung vu S.A.R. dem Groussherzog ugefaangen huet, sech fir d’Vertraue vum groussherzoglechen Haff bedankt. Mat hirer Vereedegung sinn elo 6 vun de 17 Ministère vu Frae geleet.

Frësch vereedegt
Yuriko Backes / Twitter

Duerch seng Covid-19-Infektioun an der domat verbonnener Isolatioun am Schlass Bierg konnt de Staatschef d’Zeremonie just per Videokonferenz begleeden. D’Audienz vu Kersch, Schneider a Gramegna huet allerdéngs missen ofgesot ginn.

Klenge Réckbléck

Bei enger gemeinsamer Pressekonferenz Enn November 2021 hunn den Dan Kersch (LSAP) – deemools nach Vize-Premier, Minister fir Sport, Aarbecht, sozial a solidaresch Wirtschaft – sou wéi de Romain Schneider (LSAP) – fréiere Minister fir Landwirtschaft, Wäibau, ländlech Entwécklung a sozial Sécherheet – ugekënnegt, am Januar all hier Ämter ofzeginn.

Wärend den Dan Kersch sech no iwwer 8 Joren als Minister net méi fäeg gefillt huet 100 % ze ginn, hat de Romain Schneider familiär a gesondheetlech Grënn genannt. Scho kuerz drop huet dunn och de fréiere Finanzminister Pierre Gramegna (DP) matgedeelt, aus perséinleche Grënn ze demissionéieren.

Dernières nouvelles