Search

You may also like

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal
Neiegkeeten

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal

Scho säit 1980 gëtt traditionell um haitegen Dag de Wal

De Weltklimarot warnt viru Réckgang vun der Liewensmëttelsécherheet
Neiegkeeten

De Weltklimarot warnt viru Réckgang vun der Liewensmëttelsécherheet

Ee kierzlecht verëffentlechte Sonnerbericht vum Weltklimarot IPCC warnt elo virun

Syrien: Damaskus féiert seng Offensiv an der Ghuta weider
Neiegkeeten

Syrien: Damaskus féiert seng Offensiv an der Ghuta weider

Um Samschdeg huet déi syresch Arméi d‘Offensiv op d‘Rebellenhéichbuerg vun

Fridays For Future a Youth For Climate fuerdere Klima Bildung a Schoulen!

Fridays For Future a Youth For Climate fuerdere Klima Bildung a Schoulen!

Den 18te Mäerz organiséieren den internationalen Team fir Klima Educatioun an Teach The Future UK Aktivist*innen eng online Aktioun. D’Aktioun besteet aus engem Teaser an deem Aktivist*innen sech iwwert de Besoin vu Klima Bildung an der Schoul äusseren. Dëse Video wäert all eis Demandë presentéieren an eis Aktioun géint déi europäesch Staatscheffen ukënnegen.

Eis Demanden:

1.Klima Bildung soll jiddwerengem zur Verfügung stoen onofhängeg vun hirer Hierkonft, Alter, Geschlecht, a soziale Status an et muss op all schouleschem Niveau bäibruecht ginn.

2.Klima Bildung soll an d’Grondwäerter vun all Curriculum integréiert ginn a soll an all Fach an Disziplin bäibruecht ginn. Schüler*innen musse wëssenschaftlech, sozial an ethesch Aspekter vun der Klimakris léieren.

3.Edukativ Institutioune solle Schüler*innen an Enseignanten*ë ënnerstëtze fir Klima zesummenhängend Suergen a mental Problemer an de Grëff ze kréien.

4.All Enseignant*en solle fir eng Klima Bildung forméiert sinn a solle mat engem Léierschema a Léier-Material versuergt ginn.

5.Edukativ Institutioune mussen d’Initiative ergräifen, Responsabilitéit fir d’Natur an d’Gesellschaft ze developpéieren, wéi och Student*innen z’engagéiere fir aktiv Matbierger*innen ze ginn.

6.Edukativ Institutioune sollen sech un d’Reegele vun der Nohaltegkeet halen a mussen an dësem Beräich evoluéieren. Aus deem Grond mussen all d’Schoule bis 2030 klimaneutral ginn an all nei gebaute Schoul soll emissiounsfräi sinn.

Mir sinn e Klima Bildungs Projet, e Grupp vun 80 Aktivisten*innen aus 35 Länner an Deel vum weltwäite Mouvement Fridays for Future. An deem mir mat Klima- Spezialisten*innen a Beroder*inne kooperéieren, schaffe mir fir spezifescht Zil z’erreechen: Klima Bildung a Schoulen ze integréieren. Ouni Educatioun wäert sech näischt änneren, d’Gesellschaft wäert d’Problemer net gewuer ginn, déi d’Mënschheet am Moment konfrontéiert. Mir wëllen datt d’Klimakris eescht geholl gëtt.

Eis sozial Medien:

  • Facebook:​ FFF Climate Education
  • Instagram: @fffclimateedu
Related topics Fridays for Future, Klima-Bildung, Klimakris, Klimawandel, Youth for Climate
Next post Previous post