Search

You may also like

Post fir den Ausseminister
International Neiegkeeten

Post fir den Ausseminister

Bréiwer, déi op de soziale Medie kurséieren, sinn net seelen.

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen
International Neiegkeeten

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen

Et war net nëmmen einfach „schlecht Wieder“,  Eleonor war en

100 Deeg Joe Biden: „Finanzcharisma“
International Neiegkeeten

100 Deeg Joe Biden: „Finanzcharisma“

Déi Vereente Staate vun Amerika sinn, no engem véierjärege Polit-Intermezzo,

Fir de Fridden an der Welt

Fir de Fridden an der Welt

Wëll de Verdeedegungsminister François Bausch (déi gréng) seng däitsch Homologin Annegret Kramp-Karrenbauer (CDU) agelueden hat, an déi der Invitatioun zougesot hat, hu sech béid Partner zu engem Austausch gëschter hei zu Lëtzebuerg getraff.

Laut dem Presse- an Informatiounsdéngscht vun der Regierung, hu sech béid Minister iwwert déi verschidde Mesure vun hirer Länner am Kontext vun der Covid19-Pandemie ënnerhalen. Et wier och iwwert dat „gemeinsamt“ Engagement bannent der NATO an op EU-Niveau berode ginn. Déi zwee lescht Theme betreffend, hätten sech d‘Partner zougeséchert weider enk ze kooperéieren.

Keng Landkaart awer ëmmerhi schonn ee Kompass

„Däitschland a Lëtzebuerg sinn sech eeneg iwwert d‘Bedeitung vum strategesche Kompass bei der Verfolgung vun enger gemeinsamer strategescher Ausriichtung vun de sécherheets- a verdeedegungspoliteschen Ziler vun der Europäescher Unioun. De strategesche Kompass vun der EU wäert d‘GSVP op en neien Niveau hiewen an déi strategesch Prioritéite fir déi kommend Joren ausriichten“, esou de Communiqué.

Am Hibléck op dat Lëtzebuerger Engagement an der Sahelzon (DEU ISR Taskforce MINUSMA) huet déi däitsch Ministesch de Rapprochement mat der Belsch ervirgehuewen. A well et sech esou gehéiert, soll d‘Annegret Kramp-Karrenbauer dem François Bausch bestätegt hunn, datt eis Arméi an hire geleeschte Beitrag bannent der MINUSMA eng grouss Unerkennung genéisst. Et sollt een dës Zesummenaarbecht erweideren.

Béid Interlocuteure wieren sech dann och eens, datt déi lokal „Kräften“ selwer sollten de Buttek schmäissen, firwat et wichteg ass, alles wat an der Géigend eng Waff droe kann, entspriechen un dëser Apparatur auszebilden. An dësem Kontext konnten d‘Minister déi europäesch Missioun zur Ausbildung (EUTM) erwänen a virun allem begréissen, datt dëse Programm ausgebaut gëtt. Et ginn och däitsch Waffe geliwwert…

Och Lëtzebuerg verdeedegt Wirtschaftsintressen

Fir dann awer net ganz a Kontradiktioun mat der eigentlech friddlecher Ausriichtung vun der grénger Politik ze geroden, soll de Minister François Bausch d‘Befierchtung zum Ausdrock bruecht hunn, datt d‘Kris am Sahel net eleng militäresch ze léisen ass, an et méiglecherweis ubruecht kéint sinn, natierlech nëmme wann et net ze vill Ëmstänn mécht, eventuell an d‘A ze faassen sech den eigentlechen Ursaachen unzehuelen.

Ausser de Sécherheetsfroen ass sech och „konkretem“ zougewannt ginn. Et soll verstäerkt an de Beräicher Cyberkrich, Spionagesatellitennotzung a Weltraum „generell“ zesummegeschafft ginn. Lëtzebuerg huet vill Expertise an dëse Beräicher an Däitschland huet sech jo digital eppes ofhänke gelooss. D‘Notzung vum Weltraum ass och fir de François Bausch imminent wichteg an dat sech Lëtzebuerg u PESCO bedeelegt selbstverständlech.

Béid politesch Friddensdauwe sollen am kuerzen Zäitraum deen hinnen zur Verfügung gestanen huet, Zäit fonnt hunn, sech Gedanken doriwwer ze maachen, wéi een Afloss de Klimawandel op déi allgemeng Sécherheetslag an der Welt kéint hunn. Interessant wann ee bedenkt, datt et béid net interesséiert huet, wéi en Impakt et op déi global Sécherheet huet, wann ee Vëlker hir Ressource klaut a se wirtschaftlech erhéngere léist.

Foto: D‘Annegret Kramp-Karrenbauer (CDU) a François Bausch (déi gréng) hu festgestallt, datt de Weltfridden eng komplizéiert Ugeleeënheet ass. Well een elo och de Fridden am Weltraum net wëll benodeelegen, soll sech méi an d‘Oprëschtung vum éischte Stärekrich investéiert ginn. Och Digital muss elo Lëtzebuerg sengen däitschen Noperen ënnert d‘Äerm gräifen. © SIP /Julien Warnand

Related topics Annegret Kramp-Karrenbauer, CDU, déi gréng, François Bausch, Kooperatioun, Weltfridden
Next post Previous post