Friddensdemonstratioun an der Stad

Mëttlerweil dauert de Krich an der Ukrain schonn 19 Deeg laang, et ass keen Enn a Siicht. Déi éischt verzweiwelt Flüchtlingen hunn d’Land well erreecht.

An dësem Kader hu sech de Samschdeg, Honnerte vu Leit op der Clairefontaine Plaz versammelt, fir géint dëse brutale Krich virzegoen. Dës Demonstratioun gouf vun der Associatioun LUcraine organiséiert ginn. Dobäi ass d’Demonstrantioun géint 14 Auer ugaangen.

Op de Schëlder stoungen ënnert anerem Säz ewéi „Stop Putin – Stop War – Save Ukraine“, „No-fly zone for Ukraine“, a „Ban Russia from Visa, mastercard, Swift“. 

Ënnert de Protestanten hu sech net nëmme Lëtzebuerger befonnt, och Ukrainer, déi scho méi laang am Land liewen a Flüchtlingen, déi eréischt ukomm sinn, wollten de Samschdeg ee friddlecht Zeechen setzen.

Den  Nicolas Zharov, Präsident vu LUkraine huet de Westen an enger Riet dozou opgefouert, d’Ukrain militäresch ze ënnerstëtzen. De Moment wär nëmme wéineg Hoffnung do, datt de russesche Präsident Wladimir Putin, bereet wier, op de Krich ze verzichten.

Dernières nouvelles