Search

You may also like

Dësen Hit ass der elo 20
International Neiegkeeten

Dësen Hit ass der elo 20

Dir hutt et villäicht verdrängt, mee den Internet vergësst näischt:

USA: déi eng gi vum selwen, deenen anere wëll den Trump op d‘Spréng hëllefen
International Neiegkeeten

USA: déi eng gi vum selwen, deenen anere wëll den Trump op d‘Spréng hëllefen

Dem Donald Trump seng Entscheedung d‘Truppen aus Syrien ofzezéie bréngt

Neijoerschdagsried vum Emmanuel Macron
International Neiegkeeten

Neijoerschdagsried vum Emmanuel Macron

A senger Neijoerschdagsried huet de franséische President villes ugeschwat, mee

Katalounien: Hoffnung op e friddleche Referendum

Katalounien: Hoffnung op e friddleche Referendum

Zwee Deeg virum Referendum zur Onofhängegkeet a Katalounien, dee vun der spuenescher Justiz verbuede ginn ass, kréien d‘Bierger haut d‘Modalitéite bekannt gemaach. Déi spuenesch Autoritéite verduebelen d‘Perquisitiounen an erhéijen den Drock.

„Mir gi bis un de Wupp“, bestätegt sengersäits de Regionalpresident Carles Puidgemont bei enger Versammlung um Donneschdeg. Hien hat sech mat de Vertrieder vun de Schoule getraff an deenen d‘Wahlbüroe kéinten ageriicht ginn. Hien huet och verséchert déi ganz Verantwortung fir d‘Organisatioun vum Referendum mat senger Regionalregierung ze iwwerhuelen.

Zanter Wochen ass et e Gedeessems mat den Autoritéiten, d‘Wahlurne musse verstoppt ginn, d‘Bulletine stänneg nei gedréckt an Internetsäiten opgemaach ginn, fir de Bierger d‘Méiglechkeet ze ginn erauszefannen, a wéi ee Wahlbüro se kënne goen.

Um Donneschdeg dann och nach eng grouss Manifestatioun virun der Universitéit vu Barcelona. D‘Police schwätzt vu 16.000, den Organisateur vun 80.000 Leit déi sech friddlech fir e Referendum ausgeschwat an zesummefonnt hunn. „Mir wielen! Onofhängegkeet!“ ass geruff ginn, an et war de Leit sichtlech eescht.

Ugespaante Situatioune

Spuenien sech huet schonn e puer mol mam Begier zur Onofhängegkeet missen ausenanersetzen. Dat mat am Baskeland an eben och a Katalounien. Wéinst dem Wonsch no Onofhängegkeet, awer och der Häert mat där d‘Regierung sech versicht dem Referendum ze widdersetzen, duerchlieft Spuenien seng schlëmmste politesch Kris zanter 40 Joer.

Um 6. September hat dat katalanescht Parlament e Gesetz gestëmmt fir de Referendum kënnen ze organiséieren. Dat trotz dem Verbuet vum Verfassungsgeriicht, awer mam Argument, datt dëse Referendum scho säit 2012 gefuerdert gëtt.

Madrid setzt dann och op Repressioun a staatlech Gewalt fir de Referendum ze verhënneren. Och um Donneschdeg, hat d‘Guardia Civil nees eng ronn 2,5 Millioune Bulletinen a 4 Milliounen Ëmschléi an engem Lager zu Igualada bei Barcelona saiséiert. ET sollen och eng honnert Wahlurne fonnt gi sinn, mee et ass net gewosst op déi och eppes mam Referendum ze dinn hunn.

Fir den demokratesche Prozess

Wann elo och gewosst ass, datt net all d‘Katalane fir d‘Onofhängegkeet sinn, esou muss een awer feststellen, datt déi grouss Majoritéit sech fir e legale Referendum asetzt. An et sinn dann och grouss Perséinlechkeeten déi sech zu Wuert mellen. Esou de Verdeedeger vum FC-Barcelona, Gerard Piqué. Hien huet d‘Katalanen opgeruff sech „friddlech“ auszedrécken.

Katalounien

D‘Studenten droen d‘Estelada, de katalaneschen Onofhängegkeetsfändel, duerch d‘Stroosse vu Barcelona bis bei d‘Universitéit. Wie vun de Jonke bis viru kuerzem nach net sécher war sech misse fir d‘Onofhängegkeet auszeschwätzen, deen huet d‘Staatsgewalt iwwerzeegt kritt. © Pau Barrena/AFP

„Loosst eis hinne keng Entschëllegung ginn. Näischt aneres wëllen se. #Mir gi wielen“, huet de Fussballspiller an engem Tweet geschriwwen. En Tweet deen direkt viral gaangen ass.

Et hëlleft awer alles näischt, de konservative Mariano Rajoy an d‘Justiz si fest entschloss de Referendum mat alle Mëttel ze verhënneren. Si bereet mat groussem Opwand den Zougang zu de Wahlbüroen ze blockéieren an hunn iwwer 10.000 zousätzlech Polizisten a Katalounien opgestallt. Zwee Experte vun de Vereenten Natiounen (UN) hunn awer Madrid gebuede Virsiichteg ze sinn.

Grondrechter respektéieren

„Emol vum legale Kader fir de Referendum ofgesinn, mussen och déi spuenesch Autoritéiten d‘Grondrechter vun demokratesche Gesellschafte respektéieren“, betounen den David Kaye (UN-Rapporter fir d‘Promotioun zur Meenungsfräiheet) an den onofhängegen Expert Alfred de Zayas.

Déi surrealistesch Reunioun fir d‘Koordinatioun vun der Sécherheet, déi en Donneschdeg an der Mëttegstonn tëscht Vertrieder vun der Zentralregierung an der Regionalregierung ofgehale ginn ass, huet net emol usazweis zu engem Resultat gefouert.

De Staatssekretär fir Sécherheet, José Antonio Nieto, deen un der Reunioun deel geholl huet, vertrëtt dann och eenzeg d‘Positioun vun der konservativer Regierung. Der Press huet de Staatssekretär erkläert, datt de Referendum net dierf, kann a wäert stattfannen.

Hien hätt awer d‘Hoffnung zum Ausdrock bruecht, „datt d‘Zesummeliewen (mat de Katalane) net soll gestéiert ginn, och de Rechtsstaat net“. Op sengem Wonsch kann entsprach ginn, aus dem Sonndeg en Dag vun der Feierlechkeet an der Eenheet ze maachen, dierft och vun der Aart a Weis ofhänken, wéi sech d‘Separatisten an d‘Poliziste wäerte begéinen.

Eenheet duerch Referendum net a Fro gestallt

Feieren ass bestëmmt besser wéi sech géigesäiteg op de Kapp ze schloen. Deem kann och de Joaquin Forn, aus dem katalaneschen Inneministère eppes ofgewannen: „Wat dat wichtegst ass, dat ass d‘Zesummeliewen erhalen. Mee et sollt kloer sinn, datt mir d‘Convocatioune fir de Referendum net wäerten ofbriechen“.

Déi grouss Majoritéit vun de jonke Bierger ass fir d‘Onofhängegkeet. Fir déi wou et net sollte gewiescht sinn, déi si vum konservativen a repressive Spuenien iwwerzeegt ginn, datt d‘Onofhängegkeet déi besser Alternativ ass“, erkläert déi 16 Joer jonk Aina Gonzalez. D‘Verhaftungen, d‘Perquisitiounen an de massiven Asaz vun der Police wieren éischte d‘Gesiicht vun enger Diktatur als dat vun der Demokratie an der Meenungsfräiheet.

Mee et gëtt och ënnert de Katalane Bierger déi géint de Referendum sinn. Déi „Katalanesch Zivilgesellschaft“ déi 2014 gegrënnt ginn ass, huet opgeruff „friddlech“ ze bleiwen. D‘ONG „Reporter ouni Grenzen“ huet sengersäits den Drock deen op d‘Journalisten – vu béide Säiten – ausgeüübt gëtt, veruerteelt. Och d‘Bank vu Spuenien mécht drop opmierksam, datt d‘Spannungen a Katalounien, dat ëmmerhin 20% vum PIB erwirtschaft, schwéier op de Wuesstem drécken.

mam Anna Cuenca an dem Marianne Barriaux/AFP

Foto: D‘Estelada, de katalanesche Fändel gëtt geschwenkt. Och de „Si“ also d‘Fuerderung nom Referendum ass zu Barcelona omnipräsent. Madrid schéckt Polizisten, verhaft gewielte Volleksvertrieder, setzt den demokratesche Prozess ausser Kraaft. D‘Katalane sinn awer decidéiert e Sonndeg ze wielen. © Josep Lago/AFP

Related topics Katalounien, Mariano Rajoy, Onofhängegkeet, Referendum, Spuenien
Next post Previous post