Search

You may also like

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz
Kultur Neiegkeeten

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz

Entgéint der Ukënnegung vum Regierungsprogramm ass, an dëser Legislaturperiod, keen

Kufa Summer Bar – E bësse Kultur mat engem erfrëschende Gedrénks
Kultur Neiegkeeten

Kufa Summer Bar – E bësse Kultur mat engem erfrëschende Gedrénks

D’Kulturfabrik wëll erëm opbléien, Leit empfänken a fantastesch Momenter zesummen

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?

Lëtzebuerg, esou d‘Etüd „Global Automotive Executive Survey 2019“ déi gëschter

Den natur musée presentéiert „From Dark to Light“

Geheimnisvoll Edelsteng

Den natur musée presentéiert „From Dark to Light“

Si si wäertvoll, wonnerschéin an awer an der kompletter Däischtert an den déifsten Déifte vun eisem Planéit ze fannen. Vill Kilometer ënnert der Äerduewerfläch an duerch Drock am Banneschte vun eisem Planéit entstinn eenzegaarteg Edelsteng. Nach bis den 6. Juni 2021 presentéiert de Stater natur musée d’Faszinatioun vun dësen Naturschéinheeten.

Millioune vu Joren dauert et, bis datt mat vill Drock d’Edelsteng entstinn an esou wäit no uewe wanderen, datt de Mënsch se an de Minnen ofbaue kann. Am Laf vun der Zäit goufen Techniken entwéckelt, fir si ze transforméieren, hirem Potential wuertwiertlech de leschte Schlëff ze ginn an esou hir ganz Pruecht ze entfalen.

Dark

Kee Wonner, datt mir wuel all vun Amethysten, Saphiren, Smaragden, Opalen a Co. Komplett faszinéiert sinn. Begleet gi si och oft vu Mythen a Legenden. Edelsteng hätten okkult Fäegkeeten, besonnesch Kräfte. Ma, gläichzäiteg déngen se scho säit Laangem als Dekoratioun, Bijou, Zeeche vum soziale Status a Muecht.

Wéi entsti se a wéi kënnt et zu dëser Faszinatioun? Wéi eng Edelsteng gefalen Iech momentan a wéi ännert sech Är Astellung zum Enn vun der Ausstellung hin? Äntwerten op dës a vill weider Froe kritt dir vum 23. Oktober 2020 bis de 6. Juni 2020 am natur musée. Et ass op vun Dënschdes bis Sonndes vun 10:00 bis 18:00 Auer.

Den Online-Vernissage fënnt iwwregens haut um 19:00 Auer op www.mnhn.lu/vernissage statt.

Related topics Ausstellung, Edelsteng, From Dark to Light, Legenden, MNHN, natur musée, Schéinheet
Next post Previous post