Search

You may also like

QUIZ: Lëtzebuerg, d’Land vun de Schlässer a Buergen
International Neiegkeeten

QUIZ: Lëtzebuerg, d’Land vun de Schlässer a Buergen

[onionbuzz quiz-id=11][/onionbuzz]

Begeeschtert net nëmmen op der Pist: Olympionik Gus Kenworthy kusst säi Frënd a schreift Geschicht
International Neiegkeeten

Begeeschtert net nëmmen op der Pist: Olympionik Gus Kenworthy kusst säi Frënd a schreift Geschicht

Den amerikanesche Freestyle Schi-Fuerer Gus Kenswourth gouf – zu senger

30 Joer Mauerfall: Ee Jubiläum fir d’Vereenegung!
International Neiegkeeten

30 Joer Mauerfall: Ee Jubiläum fir d’Vereenegung!

Den 9. November sinn et genau 30 Joer hier, datt

Frontex: Gutt Minn zum béise Spill?

Frontex: Gutt Minn zum béise Spill?

Wann ee sech Berichterstattungen iwwert Séinoutrettung duerchliest, fält engem dacks d’Wuert „Frontex“ an d’A. Mee wat ass dat?

Zil vu Frontex sinn haaptsächlech d’Aufgaben am Zesummenhang mat der Sécherheet op Séi, Sécherheetskontrollen, Sich, Rettung an Ëmweltschutz. Et handelt sech ëm eng EU-Agentur, déi duerch den EU-Haushalt an duerch Bäiträg duerch associéiert Schengen-Länner finanzéiert gëtt.

Déi Europäesch Agentur fir d’Grenz- an d’Küstewuecht ass an Zesummenaarbecht mat den EU-Memberstaaten zoustänneg fir d’Kontroll vun de Baussegrenze vun der Europäescher Unioun.

Dat ass leider just eng Säit vun der Medail

Wéi et ausgesäit notzt Frontex seng Positioun aus fir d’Gesetzer hire Wënsch no ze wurschtelen.

Et ass nämlech eng Tatsaach, datt si mat der libyscher Küstewuecht zesummeschaffen, fir si bei illegale Réckféierungen ze ënnerstëtzen. Flüchtend hunn och eng zweet Chance verdéngt. Si sollen net an e Land, an deem Krich a Noutstänn herrschen, zeréckgefouert ginn, mee déi noutwenneg Ënnerstëtzung erhalen. Jo, och vu Frontex.

FrontexPro Asyl / Twitter

Si hunn scheinbar souguer d’Méiglechkeet Fligeren ze charteren, d’Agentur hëlleft de Pabeierkrich an d’Rei ze maachen, fir d’Réckféierung sou onproblematesch wéi et geet iwwert d’Bühn ze bréngen. Elo gëtt schonn zënter iwwert engem Joer iwwert dës Politik bericht – dëse Problem betrëfft net nëmme Frontex, mee och Europa selwer.

FrontexSteffen Lüdke / Twitter

De Verdacht op Mënscherechtsverletzunge steet am Raum. Et gëtt gemobbt an et kuréiere Falschaussoen doruechter. Da si mir mol gespaant, wat als nächst kënnt …

Et geet esou lues duer – wéi solle mir eise Kanner e gutt Virbild sinn, wann déi Europäesch Unioun eis dës Ongerechtegkeet virlieft?

Géing Europa vun der rassistescher Struktur ofloossen, wär nawell villes anescht. D’EU sinn vun hirer rassistescher Struktur ofloossen, an dat déi Geflüchten näischt wäert sinn.

Hoffe mir alt, datt d’Europaparlament dës Virwërf eeschthaft ënnersicht an eppes dogéint ënnerhëlt. Well et sténkt.

Aplaz elo schonn zanter Méint ze diskutéieren, misst gehandelt ginn. An zwar direkt! Mëttlerweil huet en däitsche Bundespolizist den Déngscht verweigert: hie wollt dës Aktiounen net méi ënnerstëtzen. Ma do kann den Hutt zéien!

Opmaacherbild: © Simon Berger / Unsplash

Related topics Baussegrenzen, Frontex, illegal Réckféierung, Kontroll, Séinoutrettung
Next post Previous post