Search

You may also like

Der internationaler Raumstatioun geet d‘Loft aus
International Neiegkeeten

Der internationaler Raumstatioun geet d‘Loft aus

Am russeschen Deel vun internationaler Raumstatioun (ISS) leeft ee Renne

D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International
International Neiegkeeten

D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International

Aus dem Bericht vun Amnesty International (AI), deen haut verëffentlecht

BnL: De Claude D. Conter iwwerhëlt ab Juli d’Direktioun
International Neiegkeeten

BnL: De Claude D. Conter iwwerhëlt ab Juli d’Direktioun

Elo huet d’Joanne Goebbels opginn, d’Nominatioun zeréckgezunn an iwwerléisst d’Bühn

Frontex toleréiert d‘Gewalt un den EU-Baussegrenzen

Investigativ Medieberichter dokumentéieren d‘Mësshandlung vu Flüchtlingen

Frontex toleréiert d‘Gewalt un den EU-Baussegrenzen

Déi als Grenzschutz getarnten EU-Institutioun Frontex soll d‘Gewalt (Mësshandlungen, Ugrëff mat Pefferspray an Hetzjuegte mat Hënn) géint Flüchtlinge wuel net aktiv ënnerstëtzen, dofir awer ganz tolerant domatter ëmgoen. Besonnesch an Ungarn, Bulgarien a Griicheland sollen Iwwergrëff un der Dagesuerdnung sinn.

Zolidd Virwërf déi sech op Fakte bezéien, esou zumindest d‘Journaliste vum politesche Magazin „report München“ an dem „Guardian“. Si hunn honnerte Frontex-Intern Dokumenter analyséiert a mam Fuerschungszenter „Correctiv“ ausgewäert. Zweiwel besti keng méi, d‘Agence „Frontex“ toleréiert d‘Uwennung vun exzessiver Gewalt duerch national Grenzpolizisten un den EU-Grenzen.

Eng „Toleranz“ déi bei der Frontex akribesch dokumentéiert gëtt. Natierlech huet Frontex keng Befugnisser déi national Grenzpoliziste bei hirer „Aarbecht“ ze behënneren, mee si dierften als Zeeche vum Protest déi eege Leit an dëse Gebidder ofzéien. Dat schéngt politesch net opportun, firwat d‘Verstéiss dokumentéiert ginn. Protest oder soss Reklamatioune gëtt et vu Frontex keng.

Wann de ganze Bericht um Dënschdegowend an der ARD iwwerdroe gëtt, kënnt och de Chef vum consultative Frontex-Forum zu Wuert. Hei ass dann de Stephan Kessler ze héieren, wéi hie kloer an däitlech der Institutioun eng Matschold un dëse Verbrieche gëtt. Zudeem sinn un den Iwwergrëff net eleng déi „national“ Grenzschützer bedeelegt. Och bei der Frontex gëtt ganz „aktiv“ Drecksäck.

An engem Dokument ass esou de Virfall dokumentéiert, an deem och Frontex-Beamten sech duerch Mësshandlunge während de Rapatriementer mam Fliger, ausgezeechent hätten. Dobäi ass den Asaz vu „berouegende Medikamenter“ bei der Réckféierung vu veruerteelte Mannerjäreger nach relativ harmlos. Firwat eng EU-Agence Mënscherechtsverletzungen toleréiert bis fërdert gëtt net gesot.

mat indymedia/ber/lon/ath

Foto: © Frontex

Related topics Correctiv, Frontex, Guardian, Mënscherechtsverletzungen, report München
Next post Previous post