Search

You may also like

money
Airbus a Bombardier: mat der C-Series e neien Horizont a Siicht
International Neiegkeeten

Airbus a Bombardier: mat der C-Series e neien Horizont a Siicht

Vu Boeing schwéier ënner Drock gesat, huet den Hiersteller Bombardier

International Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill European Hillrace 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche
International Neiegkeeten

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche

Duerch déi rezent Evolutioun a Saache Covid-19 hunn d’Generaldirektioun vun

Wéi d‘EU hir „Wäerter“ nei definéiert

Natierlech ka Frontex näischt zouginn, mee si huet de Pouvoir d‘Berichterstattung ze verhënneren

Wéi d‘EU hir „Wäerter“ nei definéiert

Wärend sech iwwert den Handelsaccord mat de Brite gefreet, op d‘Rechtsstaatlechkeet zugonschte vum Covid19-Hëllefspak (750 Milliarden Euro) an dem EU-Haushalt verzicht gëtt, huet Bréissel elo och den allerleschte Rescht vu Anstand wuertwiertlech „iwwer Bord geworf“.

Zanter Méint ass déi europäesch Grenzschutzagentur Frontex mat enger ganz besonnescher, wann och sécherlech verwerflecher Missioun beoptraagt. Si mussen „Fortress-Europe“ virun den Horde vu Migranten a Flüchtlinge verdeedegen. Hei ganz besonnesch am Mëttelmierraum, an do och méi prezis, d‘Küste vun de griicheschen Inselen. Natierlech gëtt Frontex vun de lokalen Autoritéiten ënnerstëtzt, fir sougenannt Push-Back Aktiounen duerchzeféieren.

Push-Back: staatlech Aktioun, bei där Migranten/Flüchtlingen (meeschtens) no Grenziwwertrëtt zréckgedrängt ginn, ouni d‘Méiglechkeet ze hunn eng Asyl-Demande anzereechen oder d‘Rechtméissegkeet vun dëser Demande iwwerpréiwen ze loossen. Eigentlech ass dat ee klore Verstouss kéint déi kollektiv Ausweisung, déi esou an der europäescher Mënscherechtskonventioun net zoulässeg ass. Mee et schéngt ze vill Mënscherechter ze ginn.

Frontex Frontex

A wa schonn déi europäesch Grenzschutzagentur Frontex sech, esouwuel u Pusch-Back Aktioune bedeelege kann, wéi si och zouléisst, datt national Autoritéiten (Douane, Grenzschutz an Arméi) Schlauchbooter/Rettungsinselen zeréck op dat oppent Mier zéien. Et zur gängeger Praxis ginn ass, Migranten/Flüchtlingen un déi libesch Küstewaach auszehändegen… Zil vum Ganzen: rechtlech Garantien aus der Dublin-III Veruerdnung ze ëmgoen.

Esou dann och op Hellegowend wou déi griichesch Autoritéite ganz offensichtlech, an ouni sech ze verstoppen, Mënschen déi si virdrun aus dem Mier opgeholl hunn, nees op dat oppent Mier gefouert an do an enger Rettungsinsel ausgesat hunn. Et heescht datt „si“ déi „aner Säit“ (gemengt ass wuel déi libesch oder tierkesch Küstewaach) informéiert hätt, an d‘Leit kenger Gefor ausgesat goufen. Op si zanterhier vun de Libyer ofgeholl goufen oder net, ass net méi festzestellen.

Bei dëse Biller stellen sech dann awer eng Rei fundamental Froen. Loosse mir emol de Fakt op der Säit, datt et der och genuch bei eis am Land huet, déi et virzéien de „Wouscht“ am Mëttelmier ofsaufen ze loossen. Firwat awer behaapt sech d‘EU-Kommissioun géintiwwer gewësse Länner op de Schutz vun der Rechtsstaatlech, a firwat gëtt fir méi Toleranz géintiwwer Minoritéite gestridden, wa ganz offensichtlech, dës Wäerter nëmme selektiv ugewannt ginn?

mat indymedia/tlv/ber

Related topics Europa, Frontex, Grenzschutz, Mënscherechter, Pusch-Back, Rechtsstaatlechkeet, Wäertergemeinschaft
Next post Previous post