Search

You may also like

De japanesche Premier trëtt zeréck (Analys)
Neiegkeeten

De japanesche Premier trëtt zeréck (Analys)

Gutt ee Joer virum offiziellen Enn vu sengem Mandat, huet

Besuch vum Boris Johnsson: D’Ried vum Xavier Bettel (Video)
Neiegkeeten

Besuch vum Boris Johnsson: D’Ried vum Xavier Bettel (Video)

Vu que, datt de Boris Johnsson sech net der Press

Viktor Orban: “Chrëschtlecht” Mëtteleuropa muss sech géint den homofrëndleche Weste verbridderen (Kommentéiert)
Neiegkeeten

Viktor Orban: “Chrëschtlecht” Mëtteleuropa muss sech géint den homofrëndleche Weste verbridderen (Kommentéiert)

Ausgerechent bei enger Gedenkfeier zum Éischte Weltkrich rifft den ungareschen Autokrat eemoleg

Fudder fir Impfskeptiker?

Fudder fir Impfskeptiker?

Et huet eng Rei Länner an der Europäescher Unioun, déi eng net ganz konventionell Approche zur Impfstrategie entwéckelt hunn. Si „panachéieren“ d‘Vaccinen. Dat heescht datt déi zweet Dosis net vum selwechte Pharmakonzern kënnt.

Dat kléngt iergendwéi onverständlech, ass elo och net wierklech üblech, an awer heescht et, datt d‘Regierung sech fir dës Virgoensweis interesséiert. Et wier awer, wann een esou eng Decisioun géif guttheeschen, eng Entscheedung déi awer unhand de Recommandatioun vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) ze huele wier, preziséiert de Gesondheetsministère am Communiqué.

Kombi-Impfung

Interessant, wa gewosst ass, datt et sech den Ament nach esou verhält, datt en Dokter jo entscheet wéi ee Vaccin engem ënnert d‘Haut gejot gëtt. Et heescht dann awer och, datt Mënsche mat medezinesche Virgeschichten an/oder därer wou eng zweet Dosis mat gläiche Vaccin ofgerode gëtt, eng Zweet Dosis vu Pfizer/Biontech (Comirnaty) kéinten erhalen. Ass dat eng gutt Saach?

D‘Experte widderspriechen

Säitens de Medezinner heescht et dat panachéieren duerchaus méiglech ass, een awer berécksiichtege sollt, dat sech esou eppes op d‘Niewewierkungen a wuel och d‘Protektioun dierft auswierken. Hei schwätz ee vu „Kombi-Impfungen“, a wëll se jo alleguerten op de Spike-Proteinnen opbauen, sollt eng gutt Zesummenaarbecht vun den Impfstoffer theoretesch kee Problem oder Risiko duerstellen.

Kombi-Impfung

Ganz esou eens sinn sech d‘Medezinner natierlech net. Esou huet et déi Fraktioun an där sech drop behaapt gëtt, datt eng Kombinatioun vun zwee Impfstoffer e bessere Schutz bitt, an déi aner wou drop hiweisen, datt et fir esou en Asaz keng klinesch Tester huet, firwat eppes Ongewëssheet hei muss als Warnung verstane ginn. Ëmmerhi sinn d‘Vaccinen nei an et feelt un Informatiounen.

A Groussbritannien beispillsweis ass gewosst, datt Mënschen déi als éischt eng Dosis Vaxzevria (AstraZeneca) an dann en aner „Produkt“ kruten, zwar méi heefeg Niewewierkungen opgewisen hunn. Déi wieren awer all harmlos gewiescht an hätten och net laang ugehalen. Et handelt sech heibäi ëm Schmäerzen um Aarm, heftegt Bass an/oder rout Plazen. Bannent Stonne wier dat fort.

Et muss ee selwer entscheeden

Bis ewell haten sech an dësem Kontext déi fir D‘Zouloossung zoustänneg Autoritéiten net fir dës Approche begeeschtert. D‘Amerikaner hunn et just fir Ausnamesituatiounen zougelooss, bei de Britte gi wuel Studie gemaach, de Prinzip awer nach net generell ugewannt a bei eisen däitschen Nopere réit d‘STIKO (Stänneg Impfkommissioun) vum „Mëschen“ of. Esou och den RKI…

Kombi-Impfung

Dat heescht da wuel „näischt Geneeës weess een net“, firwat sech d‘Fro stellt: „Wien soll de Leit et esou erklären, datt et verständlech ass an dës eng fräi an iwwerluechten Decisioun huele kënnen?“. Datt dat alles no „Experimentéiere kléngt“ obwuel et elo näischt „Neies“ ass, dierft nees Zweiwel ervirbréngen. Hei wier d’Gesondheetsdirektioun gutt beroden hir Aarbecht anstänneg ze maachen.

Illustratioun: © Muaz AJ / unsplash

Related topics Covid19-Impfstoff, Kombi-Impfung, Niewewierkungen, panachéieren, Schutz
Next post Previous post