Search

You may also like

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach
Kultur Neiegkeeten

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach

Wann e sech de Rapport vun der IGSS (Generalinspektioun vun

E Summer ouni Sonnebrand: Zéng gratis Sonnecrème-Statiounen stinn elo landeswäit zur Verfügung
Kultur Neiegkeeten

E Summer ouni Sonnebrand: Zéng gratis Sonnecrème-Statiounen stinn elo landeswäit zur Verfügung

Seng Haut mat Sonnecrème ze schützen ass fir sou muncher

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien
Kultur Neiegkeeten

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien

Scho leschte Freideg huet den FBI de fréieren Zaldot Mark

Fuelbox III – d’Lëtzebuerger Konschtzeen weist erëm wat se kann

Vum 11. bis den 28. Oktober fënnt een zu Stroossen ee ganz besonnescht Gebai. Iwwer 50 Kënschtler weisen mat der Fuelbox III an enger aler Autosgarage wat si drop hunn.

Et ass schonn déi drëtt Editioun vun der Ausstellung. Op den 1.200 Quadratmeter vum ehemoolegen Autohaus zu Stroossen fanne Konschtintresséierter am Oktober ee räicht Repertoire un Biller, Skulpturen, Installatioune, Graffitien a Fotoe vun nationalen Artisten.

Vu Baussen beandrockt schonn den mat iwwert 6000 Jicken bestéckten Mercedes vum Raphael Springer. Mee och bannen staunt een net schlecht. D’Halen sinn einfach riiseg an d’Kënschtler hun dat ganzt Potential ausgeschöpft. Am Entréesberäich fällt engem direkt de riisegen Dësch op, un dem zum Schluss vun der Ausstellung alleguerten d’Artisten een Dinner wäerten hunn.

Souwuel d’Maueren sin geschméckt mat Graffitien a Biller, sou wéi enger richteg ausgefalene Spillautomat, den aus der Garagëpaart entstanen ass. Als Visiteur soll een awer ganz genau hikucken. Och um Plafong oder dem Buedem fënnt een iwwerall kleng witzeg Detailer, wou een erëm déi ganz Kreativitéit matkritt.

Zu de Kënschtler, déi ausstellen, gehéiert ënnert anerem de Stick, de Joël Rollinger, d’Josiane Ginter, den Alain Welter an d’Laure Mackel. D’Ausstellung kann een nach bis Enn Oktober kucke goen. Et ass een absolut kuckeswäert Gebai, wat Talent an d’Potential vun der Lëtzebuerger Konschtwelt widderspiggelt. Nom Oktober wäert d’Gebai ofgerappt ginn, a mat hir och d’Konschtwierker verschwannen. Dofir heescht et: maacht iech bäi!

Hei fannt Dir dann alleguerten d’Informatiounen:

  • Adresse: 242, Route d’Arlon zu Stroossen
  • Et ass op den 12,13,14,19,20,21,26,27 an 28 Oktober vun 15:00 bis 20:00 Auer
Next post Previous post