FuelBox VI: Eng fréier Kellerei als Kathedral vun der Konscht

Bei dëser Expo hu Konschtwierker, Raimlechkeeten a Landschaft fir eng eenzegaarteg Kuliss gesuergt. Ganzer 94 Artisten hunn un der FuelBox VI an den ‚Anciennes Caves Coopératives des Vignerons’ zu Stadbriedemes deelgeholl a bei den dausende Visiteuren fir Begeeschterung gesuergt.

No dräi ustrengenden, awer och erfollegräiche Weekender ass gëschter déi 6. Editioun vun enger kollektiver Ausstellung op en Enn gaangen. Mat de Joren huet d‘Expo ëmmer méi un Opmierksamkeet, Diversitéit a Gréisst gewonnen. Och dës Kéier hunn d‘Organisateure vun der FuelBox d‘Erwaardungen iwwertraff!

FuelBox VI
© Shari Pleimelding / moien.lu

Konschtkenner an -interesséierter si bei den zuelräiche Skulpturen, Molereien, Installatiounen, Fotografien a Fresken vollkommen op hir Käschte komm. D’Wierker goufen dobäi an déi grouss oppe Raim, wéi och an déi kleng Schloffen vun der fréierer Kellerei integréiert, wouduerch d‘Facette vun der Konscht an e besonnescht Liicht geréckelt goufen.

Handyen sinn un d‘Mauer geneelt ginn, Kathedrale vum kënschtlereche Schafen sinn entstanen, bekannten Objeten a Materialien kruten aner Funktiounen. 

E risege Mobilet mat Fësch huet de Visiteur bei eng Sammlung u Marmor-Skulpture geleet, wärend een iwwert dat faarwegt Trapenhaus, am Stil vum Alice sengem Wonnerland op eng Büst vun engem Mops am Kostüm getraff ass. An tëschenduerch sinn ëmmer erëm d‘Theemen Wäin a Musel opgedaucht, sief et a Form vun Wäikëschten oder Fotoen vun der Kellerei.

FuelBox VI
© Shari Pleimelding / moien.lu

Ma, déi 94 Artisten – dorënner d’Fabienne Goerens, de Jean-Claude Salvi, de Kit Empire, den André Depienne, d’Minela Kocan, d‘Josiane Ginter, de Menny Olinger, d‘Malou Mathieu oder och de Michael Ott fir der e puer ze nennen – kënnen elo op e fantastescht kulturellt Erliefnis zeréckkucken a sech alt scho fir déi zukünfteg Editioun vun der FuelBox preparéieren.

Mir sinn op alle Fall gespaant, wou déi kollektiv Expo fir d‘Nächst wäert stattfannen!

Dernières nouvelles