Search

You may also like

Giel Gileten Akt XXIII: Ausgepräägte Gewaltbereetschaft
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXIII: Ausgepräägte Gewaltbereetschaft

Fir den 23. Samschdeg a folleg sinn déi Giel Gileten

#BlackLivesMatter: Demonstratioun virun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

#BlackLivesMatter: Demonstratioun virun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg

Mam Dout vum George Floyd ass d’Roserei iwwer Diskriminéierung a

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer
Neiegkeeten

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer

Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun, sinn d‘Zentre vun der Ligue

E puer konkret Fuerderunge fir den Educatiounsminister

APESS, CNEL, SEW-OGBL an UNEL endlech verséinlech mee nach net gänzlech zefridden

E puer konkret Fuerderunge fir den Educatiounsminister

An engem gemeinsame Communiqué vun de Gewerkschaften a Studentevertriedunge gëtt emol fir unzefänke begréisst, datt hire Fuerderunge betreffend den CO²-Luuchten an alle Klassesäll, endlech Rechnung gedroe gouf, an d‘Installatioun vun dësen ab Januar soll virgeholl ginn. Leider hunn nach d‘Gewerkschafte wéi och d‘Studentevertriedunge weider dréngend Doleancen.

„Eenheetlech a kloer Kritäre fir Sekondärsschoulen am Bezuch op A/B-Andeelung vun den Ofschlossklasen, esou wéi eng kohärent, eenheetlech Strategie am Bezuch op déi méiglech Covidbedéngten Kierzunge vun de Léierpläng“

Dat huet och ee ganz gudde Grond, wëll d‘Terminalle musse jo Enn vum Schouljoer 2020/2021 een nationalen Ofschlossexame packen. Dee Fair-play an d‘Chancëgläichheet awer, déi kënnen nëmmen da garantéiert ginn, wann et an all Schoule bei der A/B-Andeelung eenheetlech Kritäre gëtt. An datt misst dann och nach laangfristeg op d‘Léierpläng vun allen anere Klassen ugewannt ginn, déi sech iergendwann engem nationalen Ofschlossexamen ze stellen hunn. Aus dësem Grond fuerderen eis Gewerkschaften a Studentevertriedungen, déi eenheetlech Kierzung an Ëmstrukturéierunge vun de Léierpläng. Et misst séchergestallt ginn, datt all d‘Schüler um selwechte Wëssensstand stinn.

Demokratesch Entscheedungsprozesser elo!“

Eng weider Fuerderung – déi esou al ass wéi d‘Mandat vum Minister – betrëfft den Dialog. Hei gëtt gefuerdert dass dëse mat de Gewerkschaften, de Studenten- an Elterevertriedunge misst verbessert ginn. Dat géif viraussetzen datt et iwwerhaapt en Dialog ginn hätt. Bis ewell gëtt et keng konkret Hiweiser, datt deem esou sollt gewiescht sinn. Firwat sollte soss déi hei genannte Gewerkschaften a Studentevertriedunge fuerderen, datt et elo zu enger Entrevue mat allen Acteure vum Bildungswiese muss kommen?

Gefuerdert gëtt dann och, datt déi Moossnamen, déi am Kader vun der schoulescher Autonomie geholl ginn, demokratesch am Bildungsrot ofgestëmmt ginn. Nëmmen esou kéint dat demokratescht Matsproocherecht vun de Gewerkschaften, de Studenten- an Elterevertriedunge garantéiert ginn. Den Educatiounsministère sollt fir dësen demokratesche Prozess eng Kontaktpersoun ernimmen, déi am Fall vun enger Mëssuechtung vum demokratesche Matsproocherecht anzegräifen hätt.

Wann elo all dës Fuerderunge vun Häerze kommen an eigentlech an enger moderner Gesellschaft wéi mir se hei zu Lëtzebuerg wëllen duerstellen, ganz selbstverständlech sollte sinn, esou ass och gewosst, dat de Minister Claude Meisch eng haart Noss ass, déi et ze knacke gëllt. Anerer zu Wuert komme loossen, wann ee schonn insgeheim d‘Entscheedung getraff huet, ass jo keen einfachen Exercice. Zudeem hunn déi genannten Acteure bis ewell wéineg Drock ausgeüübt, firwat dann de Minister seng Linn hale konnt, an iwwert den Ëmwee vu Pressekonferenzen ouni Widderried seng Positioune verdeedegt krut.

Illustratioun: © Element5 Digital / moien.lu

Related topics APESS, Claude Meisch, CNEL, Educatiounsminister, Fuerderungen, SEW-OGBL, UNEL
Next post Previous post