Search

You may also like

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: D’Jill Crovisier huet iwwerzeegt!
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: D’Jill Crovisier huet iwwerzeegt!

Gëschter huet de Jury vum Lëtzebuerger Danzpräis 2019 säi Laureat

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Oktober 2020
Meenung Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Oktober 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Covid19-Impfstoff: Et ka lassgeluecht ginn!
Meenung Neiegkeeten

Covid19-Impfstoff: Et ka lassgeluecht ginn!

No der bedéngter Zouloossung duerch d‘EU-Kommissioun well de Pharma-Binom Pfizer/Biontech

Covid19: D‘Fuerderunge vun der Handwierkerkummer (kommentéiert)

Covid19: D‘Fuerderunge vun der Handwierkerkummer (kommentéiert)

Als Invité war den neie President vun der Handwierkerfederatioun, Ernest Pirsch, bei de Kolleege vum Honnertkommasiwen zu Besuch, an et muss ee schonn unerkennen, datt de Mann weess wou d‘Lompe sténken a firwat. Nach ëmmer huet et eng sanitär Kris, och wann den Impftaux vu ronn 74% eigentlech Zouversiicht ausstrale sollt. Et misst awer wierklech méi geimpft ginn.

D‘Patronen, déi jo ganz onverhuelen ermontert goufen, déi Obligatioun wou politesch net méiglech ass, quasi „mat eegene Mëttel“ duerchzesetzen. An de Spideeler schéngt ee sech dann och eens, datt keen ongeimpfte méi agestallt gëtt, säitens dem Verband vun den Alters- a Fleegeheemer gëtt och massiivst Drock gemaach an anerwäerts sinn d‘Gestionnaire vun den humane Ressource motivéiert, de Salariéeën d‘Virlag vum „Zertifikat“ virzeschreiwen, oder mat der App d‘Impfung nozeweisen.

Ob dat alles esou legal ass? Wuel net, well firwat sollt den Ernest Pirsch fuerderen, datt d‘Salariéeë musse Bescheed soen op si geimpft sinn oder net. Säin Argument: „Ouni dës Informatioun ka kee Patron senger Suergfaltsflicht – betreffend de Schutz vun der Gesondheet vun de Mataarbechter – nokommen“. Dat ee richteg gutt Argument, datt vun den allermeeschte Leit dierft ugeholl ginn.

Eigentlech „logesch“

An et ass och absolut richteg, datt d‘Betriber sech mussen organiséiere kënnen. Zudeem soll jo och kee Client ongewollt geschiedegt ginn. Dem Garagist war et nach ee wichteg Uleies ze betounen, datt et heibäi net emol am Usaz drëms geet en ongeimpfte Mataarbechter ze bestrofen, mee et bréicht Rou an de Betriber. Wien net geimpft ass sollt sech dann och reegelméisseg teste loossen.

Stellt sech dann awer nach eng aner Fro. Wann een da sollt averstane sinn, datt d‘Leit sech quasi engem aarbechtsrechtleche CovidCheck sollten ënnerzéie mussen, da sollt et an der Konsequenz och rechtens sinn, am Virstellungsgespréich den Impfstatut vum Kandidat ze erfroen. A well, wien net geimpft ass eng potentiell Gefor verbiergt, kann ee verstoen, datt dës Kandidaten den Job eben net kréien. Spënnt een dat weider, kéint jo d‘ADEM vun Demandeuren den Impfstatut offroen.

Et ass jo och net wierklech eng Questioun vum Dateschutz, vu datt d‘Applikatioun zu 100% sécher ass an d‘Regierung garantéiert huet, datt just déi wierklech wichteg a relevant Informatiounen am Zertifikat, egal op analog oder digital, enthale sinn. A wienseng App beim Kino-Besuch, oder soss engem Besoin weist, sollt dat dach och am Betrib ouni grouss Bedenke maachen. Wier logesch…

Related topics Covid19, Dateschutz, Ernest Pirsch, Handwierkerkummer, Impfstatut, Looss dech impfen
Next post Previous post