Search

You may also like

Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand
Kultur Neiegkeeten

Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand

Et kënnt seele genuch vir, an dat sollt a de

money
Cargolux besteet Sécherheets-Audit
Kultur Neiegkeeten

Cargolux besteet Sécherheets-Audit

Um Fluchhafen hunn se bei der Cargolux nees all Grond

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2
Kultur Neiegkeeten

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2

[onionbuzz quiz-id=64][/onionbuzz] Lëtzebuerg ass zwar kleng, mee dat heescht net,

D’Fuesboke si lass: Matmaachen, virtuell feieren a gewannen

D’Fuesboke si lass: Matmaachen, virtuell feieren a gewannen

Leider ass et eng Tatsaach, datt d’Fuesbaler dëst Joer duerch d’Pandemie an d’Waasser falen. Mee Fuesgecke kënnen sech och nach anescht austoben, Aktiv Viichten a.s.b.l. huet sech dozou eng flott Alternativ afale gelooss!

Organiséiert gëtt net nëmmen ee virtuelle Fuesbal mat Musek vum DJ Hofmeiser, mee och nach e Fuesboken-Concours, bei deem déi dräi originellste Verkleedungen gesicht ginn.

Deelhuelen ass ganz einfach: D’Kanner kënnen sech doheem verkleeden (mat oder ouni d’Elteren). Bis spéitstens den 12. Februar kann Är flott Foto op aktiv.viichten@yahoo.com ageschéckt ginn. Dobäi sollt een drun denken och säin Numm an d’Adress matzedeelen.

Uschléissend dierf vum 14. Februar bis den 21. Februar um Internetsite www.aktiv-viichten.lu fir de Favorit ofgestëmmt ginn.

Fuesboken

Déi dräi schéinste Boke kréien net nëmme flott Kaddoen, déi si souguer bis Heem bruecht kréien, mee si ginn och op der Internetsäit vun Aktiv Viichten verëffentlecht. Vir an déi richteg Fuesstëmmung ze komme suergt den DJ Hofmeiser de 7. Februar ab 15:00 Auer iwwer www.aktiv-viichten.lu fir Fuesmusek. A well et eng virtuell Party ass, sinn d’Sécherheetsmoossname garantéiert.

Dofir – paakt Är Kostümer aus, maacht d’Kamera prett an hutt Spaass!

Related topics Aktiv Viichten, Concours, DJ Hofmeister, Fuesboken, Fuesend, Kannerfuesbal, Verkleedung
Next post Previous post