Search

You may also like

Katalounien: De Separatisteleader Puidgemont gëtt op
Neiegkeeten

Katalounien: De Separatisteleader Puidgemont gëtt op

No villem Hin an Hier, mee och sécherlech fir Neiwahlen

Schrëftsteller, Systemkritiker a Mënscherechtler: mam Liu Xiaobo ass eng grouss Perséinlechkeet vun eis gaangen
Neiegkeeten

Schrëftsteller, Systemkritiker a Mënscherechtler: mam Liu Xiaobo ass eng grouss Perséinlechkeet vun eis gaangen

Am Alter vun 61 Joer ass um Donneschdeg den chineseschen

Opgepasst, et sinn nees Laangfanger um Tour
Neiegkeeten

Opgepasst, et sinn nees Laangfanger um Tour

Et ass net grad déi beschten Zäit fir den handel

Fuesent 2019: Net datt dir herno behaapt et hätt keen eppes gesot

Police léisst matdeelen, datt si net gewëllt ass den Dout op d‘Fuesent anzelueden

Fuesent 2019: Net datt dir herno behaapt et hätt keen eppes gesot

Déi meescht Accidenter geschéien Nuets a sinn dem Alkoholkonsum zouzeschreiwen. A wann ee sech de Beholl vu den Leit iwwert d‘Chrëschtdeeg nach emol an Erënnerung rifft, da kann ee roueg Versteesdemech fir d‘Police hunn, datt si iwwert d‘Fuesent verstäerkt wäerte kontrolléieren.

Nieft Alkohol, sinn och Drogen an iwwerhéicht Vitesse der Police en Dar am A. Woubäi d‘Police net do ass fir de Leit de Spaass un der fënnefter Joreszäit ze versauen. D‘Police wëll einfach net hunn datt sech den Dout un der Fuesent bedeelegt, an all déi bemoolten a verkleete Fuesgecken och nees gesond doheem ukommen. Dofir leeft ab kommender Woch eng Sensibiliséierungscampagne.

Et muss een hinne Recht ginn, all Mënsch deen aus de Liewe gerappt gëtt, ass een ze vill. Den ëffentlechen Transport, dee bis déif an d‘Nuecht era fir d‘Leit do ass, den „Nightrider“ dee sech fir Gruppen als wäertvoll a gutt Optioun presentéiert, oder och den Taxi… dat alles garantéiert net nëmmen datt een nom Bal nach e Führerschäin huet, mee virun allem, datt een nach Gesond ass.

Fir wien den ëffentlechen Transport, de Nightrider an den Taxi souwisou, keng Optioun ass, deem sollt dru geleeë sinn, sech e Chauffer unzelaachen, dee keen Alkohol drénkt an/oder Drogen hëlt. Mat esou engem Mann oder Fra hannert dem Steier, ass ee gemengerhand op der sécherer Säit.

Related topics Alkoholkontroll, Drogen, Fuesent, Führerschäin, Police, Vitesse
Next post Previous post