Search

You may also like

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen
Meenung

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen

An der Schwäiz haten d‘Gewerkschaften d‘Fraen opgeruff um Punkt 15.24

Keng Filmstudioen an der Gebuertsstad vum Andy Bausch
Meenung

Keng Filmstudioen an der Gebuertsstad vum Andy Bausch

Wann sech déi industriell Friche „Neischmelz“ zu Diddeleng, der Gebuertsstad

Loscht op Héichuewen?
Meenung

Loscht op Héichuewen?

Op der Friche „Belval“ wou zolidd an d‘Erhale vun der

Fummelt mer net um Internet!

E Kommentar

Fummelt mer net um Internet!

Nee, hei geet et net ëm Pornoen um Internet. Op mannst net direkt. Mee et geet ëm eppes, wat mir an Internetspezialisten (wouzou ech mech elo net zielen) ëmmer méi Suerge mécht: D’Manipulatioun vum Internet. An déi kéint net nëmmen d’technesch Pilieren erschütteren – Nee! – och eis Meenungsfräiheet ass a Gefor! Dir gleeft mer net?

Stellt iech fir, ären Internetprovider geet hin, a schreift iech vir, wéi eng Apps ze benotze sinn. Dat géingen se ni maachen, oder? Nee, op mannst net mat där Formuléierung. Mee wann se engem Apps gratis a Packagen ubidden, maachen se dëst am ëmgekéierten. Well aner Apps ginn devaloriséiert, well se bis op eemol net méi am gratis Tarif mat dra sinn. A scho bleift de Client bei deenen Apps, déi ugebuede sinn.

Dat gëtt ëmmer wéi eng lächerlech Klengegkeet duergestallt. Mee ze bedenken ass, datt deemools, wéi et nach MySpace gouf, esou eng Spillerei den haidege Gigant Facebook am Keim erstéckt hätt. A wien sech nach u MySpace erënnert, weess, wat fir eng Schreckensvisioun dat ass.

De Chaos ronderëm Youtube beweist, wéi schnell d’Meenungsfräiheet beaflosst ka ginn

Dat ass net déi eenzeg Situatioun, wou um Internet méi peinlech a schlecht gefummelt gëtt wéi bei zwee Teenagere bei der éischter Kéier. Youtube huet déi lescht Méint bewisen, wéi schlecht en automatiséierten Kontrollsystem ka sinn. LGBT-Aktiviste ginn als problematesch betruecht, Contenue ginn demonétariséiert, well se deenen net passen, déi d’Reklamme schalten.

Youtube-Stärecher, wéi de Paul Logan, kréien hir katastrophal Videoen eréischt erofgeholl, nodeems d’hallef Welt an d’BBC dovunner Bescheed woussten. Anstatt op Mënschen ze setzen, fir Contenuen ze kontrolléieren, gëtt en Algorithmus geholl. Et ass, wéi wann d’Pompjeeën dem Bësch beim Ofbrenne géifen nokucken.

Wou mer bei Automatisme sinn: déi ganz Affär mat der Beaflossung vun de Wahlen an den USA, de Fake News an ähnlechem entspréngt dëser automatiséierter Hands-Off-Method. Sozial Netzwierker sinn sech wuel bewosst, datt se en immensen Afloss op d’Opinion Publique hunn. Si iwwerloossen d’Handhabung vun den Inhalter op hire Netzwierker awer Algorithmen. Soubal un deene gefummelt gëtt, ännert sech de Feed an domat d’rapportéiert Realitéit.

Dat heescht net automatesch, datt den Asaz vu Mënschen alles besser mécht. Mee d’Approche vu Facebook, méi Leit konkret doropper unzesetzen, ass schonn emol e gudden Usaz. A wann d’Benotzer dann nach iwwert d’Guidelines uerdentlech opgekläert géinge ginn, da wier och scho vill gemaach.

 

Next post Previous post