Search

You may also like

Et hätt een dach besser d’Vëlospisten auszebauen!
Neiegkeeten

Et hätt een dach besser d’Vëlospisten auszebauen!

Ufank Juni hunn den Transportminister François Bausch an den Transportminister

D‘Missioune vum Geheimdéngscht besser verstoen
Neiegkeeten

D‘Missioune vum Geheimdéngscht besser verstoen

De staatleche Geheimdéngscht (SRE), dee mam Gesetz vum 5 Juli

Covid19-Telefonitis
Neiegkeeten

Covid19-Telefonitis

Wéinst der Onrou, déi d‘Covid19-Mutatioune bei den Experten an verantwortleche

Eis Seelbunn huet de Milliounste Passagéier transportéiert

Eis Seelbunn huet de Milliounste Passagéier transportéiert

Säit der Aweiung um 10. Dezember 2017 ass den „Funiculaire“ een wichtegt Transportmëttel an der Stad Lëtzebuerg ginn. Am August huet gouf de Milliounste Passagéier empfaangen.

Pro Dag zitt dëst Transportmëttel 5.000 bis 6.000 Fuergäscht a gëtt soumat zu engem Schlësselelement vum intermodalen Austausch tëschent dem Pafendall an dem Kierchbierg, andeems en de Lëtzebuerger Zuchverkéier, den Tram, de Bus an aner aktiv Verkéiersmëttel matenee verbënnt.

Duerch seng perfekt Positioun garantéiert de Funiculaire de Passagéier op de Quartier Kierchbierg, de Lampertsbierg oder d’Uewerstad virun ze reesen. Als Beispill gewënnt eng Persoun, déi zu Ettelbréck wunnt an um Kierchbierg, ronn 22 Minutten um Trajet. Och de Musée Dräi Eechelen oder de Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg sinn kulturell interessant Punkten, déi elo einfach erreecht kënne ginn.

Fününü

© CFL

Mat 200 Meter ass de Parcours ee vun deene Kierzte weltwäit, den Trajet dauert ongeféier eng Minutt. Mat 4 Kabinnen, déi op 2 onofhängege Systemer opgedeelt sinn, ass de Funiculaire 11,8 Meter laang an 3,8 Meter breet, mat engem Gewiicht vu 17 Tonne pro Kabinn. Insgesamt kenne bis zu 168 Passagéier an enger Kabinn, déi och fir Persoune mat agegrenzter Mobilitéit, Kannerkutschen oder Vëloe konzipéiert ass, transportéiert ginn

Foto Header: © CFL

Related topics Ëffentlechen Transport, Funiculaire, Kierchbierg, Pafendall, Roud Bréck, Seelbunn
Next post Previous post