Search

You may also like

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung
Neiegkeeten Sport

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung

Um Méindeg hat den Educatiounsminister Claude Meisch eng Entrevue mat

Animal Rights March 2019: Dëse Samschdeg an der Stad!
Neiegkeeten Sport

Animal Rights March 2019: Dëse Samschdeg an der Stad!

Um kommende 17. August organiséiert Animal Dignity den offiziellen Animal

Eng Rous géint d‘Vergiessen: Tambower Jongen
Neiegkeeten Sport

Eng Rous géint d‘Vergiessen: Tambower Jongen

Um Virowend zum nationale Commemoratiounsdag hunn d‘Associatioun Lëtzebuerger Rousefrënn an

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee

An engem Pressecommuniqué deelt déi „Lëtzebojer Football Ligue“ mat, datt hie President, de Pascal Wagner d‘Handduch geworf a seng Demissioun agereecht huet. Hien hätt sech zu dësem Schratt entscheet, nodeems de President vun der Lëtzebuerger Fussball Federatioun (FLF) de Paul Philipp „Drock“ op de Veräin „Titus Péiteng“ an deem den LFL-President Vizepresident ass – gemaach hätt.

Laut dem Communiqué, soll de Paul Philipp dësen Drock op d‘Veräiner, déi sech fir d‘Virronn vum Europacup qualifizéiert hunn (Fola, Progrès an FC Déifferdeng 03) ausgewäit hunn. Et géif dem FLF-President drëms d‘Veräiner anzeschüchteren, nodeems dës mat engem Boykott gedreet haten, bezunn op déi Modalitéite vum Championnat fir d‘Saisonen 2020/21 an 2021/22, déi eesäiteg vun der FLF entscheet goufen.

Datt de Paul Philipp kee Mann vum Dialog ass, an d‘FLF eng „Autoritär“ Vereenegung ass, ass scho verschiddentlech an der Lëtzebuerger Press opgeworf ginn. D‘FLF ass do ganz op der Linn vun der europäescher Federatioun UEFA an dem Weltverband FIFA. De Fussball ass kee Sport, andeem d‘Veräiner en demokratescht Matsproocherecht hätten, mee gefällegst déi Decisiounen unzehuele sinn, déi getraff goufen.

Trotz oder grad wéinst dëser Verweigerung sech mat der LFL – déi net manner wéi 17 Veräiner ëmfaasst – un en Dësch ze setzen an d‘Problemer am oppene Gespréich ze léisen, hat d‘LFL sech schrëftlech der Federatioun entgéintgestallt an dëser an engem laange Bréif erkläert firwat si net mat der „eesäiteger“ Decisioun säitens dem FLF-President averstanen ass. Elo ass den Dissens perfekt a Besserung ass net a Siicht.

Ouni den internen Dialog wennt sech d‘LFL elo un d‘Ëffentlechkeet. Ee Choix deen de Paul Philipp der LFL operzwongen huet, an deen net derzou wäert bäidroen, datt d‘Suitten ouni Schued fir d‘FLF wäerte bleiwen, besonnesch wann et sech sollt noweise loossen, datt „Drock“ wat een duerchaus als Aschüchterung hei muss verstane ginn, op Veräiner ausgeüübt gëtt. De Boykott vum Championnat ass net méi auszeschléissen.

Iert et awer zum „leschte Gefecht“ kënnt, steet elo emol eng Drénglechkeetssëtzung un. Schonn e Méindeg wëllen sech d‘Membere vun der LFL zesummefannen, an iwwert déi nächst Schrëtt beroden. Mee de Paul Philipp a seng Gesellen aus dem Verwaltungsrot vun der FLF, hu mat hirer Decisioun – an de genannten Dreeunge géint d‘Veräiner – vill Optioune vu vireran ausgeschloss, an den Dissens op de Wee bruecht.

Illustratioun: Wann ee sech mat der Nationaldivisioun esou diplomatesch uleet, wéi dat vun der FLF aktuell schéngt exerzéiert ze ginn, dann huet een de „Schoss“ net héieren. Zudeem setzen an dësem Verwaltungsrot jo och Leit, déi schonn aus beruffleche Grënn, quasi am Alldag musse Léisungen am Dialog fannen. Hei kéint et zudeem, sollte Leit/Veräiner bedreet gi sinn, zu juristesche Mesure kommen. © Keith Johnston / Pixabay

Related topics Dialog, Fédèration Luxembourgeoise de Football, FLF, Lëtzebojer Football Ligue, LFL, Pascal Wagner, Paul Philipp
Next post Previous post