Search

You may also like

surprise
Wéinst de Spannunge mam Iran: De Macron besicht Saudiarabien
Neiegkeeten

Wéinst de Spannunge mam Iran: De Macron besicht Saudiarabien

De franséische President ass um Donneschdegowend zu Riad ukomm. En

money
Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung
Neiegkeeten

Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung

En Donneschdeg huet déi europäesch Zentralbank (EZB), déi vum fréiere

Déi 7. Editioun vum Präis fir aflossräich Fraen
Neiegkeeten

Déi 7. Editioun vum Präis fir aflossräich Fraen

D’Grouss Herzogin Maria Teresa, déi d’Grënnungspresidentin vun der Associatioun Stand

Fussball: An nach e weidere Skandal fir de Katar

Fussball: An nach e weidere Skandal fir de Katar

An der Club-Weltmeeschterschaftsfinall tëscht Bayern München an de Monterrey Tigers, huet den däitsche Club 1-0 gewonnen. Wärenddeem huet e Bild fir kontrovers Gespréicher gesuergt.

De Scheich Joaan bin Hamad Al Thani, dee fir d’Iwwerreeche vun der Medail present war, huet sech, nodeems hien d’Spiller an d’Schiidsriichter begréisst huet, geweigert, dëst och fir déi weiblech Schiidsriichter ze maachen. Hien huet se mol net bekuckt. Dat ass nawell eng skandaléis Haltung, déi vun der Welt kritiséiert gëtt – sief dat, wéinst där Attitüd vum kataresche Führer, oder wéinst der Komplizeschaft vun der FIFA.

Wärenddeem de Protokoll gelaf ass, huet de FIFA-President Gianni Infantino no der Begréissung vun de männleche Schiidsriichter d’Arrivée vun den zwee weibleche Schiidsriichter genotzt, fir hinnen ongeféier 15 Sekonne laang eppes an d’Ouer ze pësperen. Obwuel et net méiglech ass, genee ze wëssen, wat gesot gouf – et gëtt wéineg Zweiwel drun, datt hien déi sanitär Empfeelungen net berécksiichtegt huet.

D’Ae vum Edina Alves Batista an Neuza Back hunn Bänn geschwat

Fir de Scheich Joaan bin Hamad Al Thani an de FIFA-President Gianni Infantino ass dëst eng bedauerlech Haltung. Genee sou wéi d’Rechtfäerdegung, déi sech nom Treffen erginn huet.

„Fir de Risiko vun enger Verbreedung vum Covid-19 Virus ze begrenzen, gouf et streng Protokoller, alle Participante vum Turnéier gouf un d’Häerz geluecht, physesche Kontakt ze vermeiden. Wann Dir dat ganzt Filmmaterial kuckt, ass et kloer, datt et en einfacht Mëssverständnes war. Et war kee Muttwëll, kee sollt beleidegt ginn. Déi Entscheedung, iergendeng Form vu kierperlechem Kontakt opzehuelen, bleift eng perséinlech Preferenz fir all Spiller, Trainer an Offiziellen. Se gëtt vun all deenen, déi am Organisatiounscomité fir dëst Turnéier sëtzen, respektéiert.“

Wann een d’Biller kuckt, ass et zimlech einfach, dës Erklärung vum pathetesche Glawen ofzebauen.

Bis zum Beweis vum Géigendeel, muss d’WHO elo noweisen, datt de Kontakt mat Frae méi geféierlech ass wéi mat Männer. Aplaz Zäit doriwwer ze verbëtzen, fir iwwert eng onvertrietbar Haltung ze streiden, ass de Besoin grouss, ze widderhuelen, datt de Staat Katar, duerch säi grousse Portfolio vu sämtlecher Kritik fräigeschwat gëtt.

Zanter zéng Joer, tëscht der Attributioun vun der Weltmeeschterschaft u Katar – an dat duerch säi grousse Korruptiounsverdacht, sou wéi de skandaléisen Aarbechtsbedéngunge vun den Aarbechter déi d’Stadie preparéieren an hirer Positioun zu der Homosexualitéit, geléngt et dem räiche Land net, säi Bild ze änneren. An trotzdeem verneigen sech Regierungen a Sportfederatiounen, déi Wäerter wéi Toleranz an Oppenheet fërdere wëllen, aus Angscht, wäertvoll Mëttel ze verléieren.

Et ass schwéier ze soen, ob sech dës Haltung, op kuerz oder laang, géint de Katar dréie wäert. De Moment ginn d’Virbereedunge fir d’Weltmeeschterschaft weider. Paris-Saint-Germain bleift déi glamouréis a modern Vitrinn vun engem Land mat archaesche Bräicher, déi verschidde Scheichen an Emiren erschénge reegelméisseg a maache Skandaler. Si sinn anscheinend ze räich, fir un déi selwecht Reegele wéi déi aner ze gleewen. Eng Verännerung schéngt illusoresch – ausser wann endlech Associatiounen, Autoritéiten a Regierungen, déi sech fir Mënscherechter asetzen, decidéieren aner Moossnamen ze ergräifen.

Text vum Tendai Michot / mental.lu

Related topics Bayern München, Edina Alves Batista, FIFA, Fussball, Geschlechtergläichheet, Gianni Infantino, Katar, Mental, Monterrey Tigers, Neuza Back, Scheich Joaan bin Hamad Al Thani, Skandal, weiblech Schiidsriichter
Next post Previous post