Brexit: „de nordiresche Patient“
Gëschter huet déi britesch Regierung d‘Menace vun der klenger nordirescher
Gëschter huet déi britesch Regierung d‘Menace vun der klenger nordirescher
An enger uniounsinterner Sëtzung huet déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel
Deemno wéi e Gespréich op d’Tapéit kënnt, sinn d’Angscht an d’Roserei schonn bal mat den Hänn gräifbar. Kennt Dir déi eleiten Sätz, déi weder erwuessene Persounen, nach Kanner eppes bréngen?
De Géigeniwwer gëtt haart an hysteresch. Doropshi kënnt de Rot sech emol ze berouegen. Mä huet dee Saz scho jeemools eppes bruecht? Gouf et an onser Mënschheetsgeschicht tatsächlech een, deen sech geduecht huet: „O, gutt, dass de mir dat sees, dann berouege ech mech alt“?
Ech mengen net. Grad wann een op 100.000 ass, hëlleft dës Ausso net weider. Folgend Beispiller droen éischter dozou bäi, zur Berouegung ze féieren:
Gefiller loossen sech net steieren. Zemools net wann se esou intensiv ewéi Trauer sinn. Ëmmer wann ech de Saz ze héiere kritt hunn, huet sech lues awer sécher e Fonke Roserei ageschlach. Trauer hält net ob, och wann een aneren dat gären hätt. Et ass am beschten Trauer unzerkennen an Trouscht unzebidden.
Bei dësem Saz fänken ech automatesch un mat Zännknirschen. Dat Schlëmmt ass, datt ech en och schonn dacks gesot hunn, obwuel ech et besser weess. Mä heiansdo kënnt dës Ausso einfach aus engem eraus.
Huet e sech beispillsweis Kand wéi gedoen, vermëttelt dee Saz him a ganz falscht Bild. Et geet u säi Selbstwäertgefill. E fillt sech net eescht geholl. All Mënsch reagéiert anescht op Péng. Dofir behandelt d’Kanner net ewéi Erwuessener. Sot léiwer: „Bestëmmt hält d’Péng geschwënn op.“
Heiansdo soen Elteren oder Kolleegen dat, well d’Sécherungen e bëssen duerchdréinen. Mä Gefiller sinn onendlech. An dësem Fall sinn Ënnerstëtzung an e klärend Gespréich essentiell. Frot no, wat de Géigeniwwer beleidegt. Loosst en ausschwätzen a sicht de Grond fir seng aktuell Stëmmung.
Dëse Saz schwätzt net nëmmen d’Gefiller, mä och d’Realitéit of. Erwuessener wësse schliisslech, datt et keng Monsteren ënnert dem Bett ginn oder datt de grujelege Schiet an der Kummer just en Aascht dobaussen ass.
Trotzdeem fille sech Kanner deem Moment net seriö geholl, si hannerfroen dacks déi zweet Realitéit. Ech fannen, do muss e gesond Mëttelmooss hin!
Am Endeffekt gëllt, datt Kommunikatioun e wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung ass. Lauschtert der anerer Persoun no, huelt se eescht a probéiert se ze verstoen.
Opmaacherbild: © Marcos Paulo Prado / Unsplash