Search

You may also like

What the Fakt – De weltwäiten Dag vun der Meteorologie
International Neiegkeeten

What the Fakt – De weltwäiten Dag vun der Meteorologie

Säit der Konventioun vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) am

Cargolux – de Beluga-Fluch gouf verréckelt!
International Neiegkeeten

Cargolux – de Beluga-Fluch gouf verréckelt!

De Fluch, bei deem zwee Belugae vu Shanghai an Island

Den US-President animéiert zum duebele Vott
International Neiegkeeten

Den US-President animéiert zum duebele Vott

Datt de Locataire vum Wäissen Haus eng zolidd mat der

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet

De saudesche Krounprënz als „Vedette“, den US-President op der Lauer

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet

Déi demonstrativ Komerodschaft vum Vladimir Putin an dem Mohammed ben Salmane, en Donald Trump op der Lauer, viru senger Entrevue mam Xi Jinping: den éischten Dag vum G20-Sommet war gekennzeechent duerch e géigesäitegt Of- an Aschätze vun de „Leader“ déi alles vun enaner trennt, vum Klimawandel iwwert de Konflikt an der Ukrain an der „Affär Khashoggi“.

Alleguerten hu se gespaant den onberechenbaren US-President am A behalen, deen – no de neiste Revelatiounen iwwert d‘Enquête vun der „russescher Amëschung“ an d‘Presidentewahl vun 2016 – zimlech „gelueden“ ass, a verbal och emol ausfälleg ka ginn. Déi mediatesch Opmierksamkeet awer huet sech e Freideg op de saudesche Krounprënz Mohammed ben Salmane konzentréiert.

Den 33 järege Prënz, vir deen et de „grousse Retour op déi international Bühn“ war, nodeems hie wéinst der Ermordung vum Jamal Khashoggi – vun där auszegoen ass datt hien den Optrag ginn huet – vun der internationaler Communautéit an d‘Kritik geroden ass, war vum russesche President Vladimir Putin, begeeschtert empfaange ginn. De Video vun der „Begréissung“ ass viral gaangen.

Béid Männer sinn den Ament déi „ëmstriddenst Koppel“: de Krounprënz wéinst engem Verbriechen an der saudescher Ambassade vun Istanbul, de russesche President, wéinst dem „Tëschefall“ am Mier vun Azov. Si hunn haut eng bilateral Reunioun. Am Kontrast dozou, den Echange tëscht dem Krounprënz an dem franséische President.

An enger Videoopnam, gesäit een den Emmanuel Macron, wéi hien dem Mohammed ben Salmane op englesch zourifft: „dir lauschtert mir ni no“. De Krounprënz erwiedert: „ma sécher wäert ech nolauschteren“. De franséische Staatschef soll gefuerdert hunn, datt „international Experten sech der Enquête Khashoggi uschléisse sollen“, an huet fir eng politesch Léisung am Jemen plaidéiert.

Chinesesch Handelsbezéiungen

Den Donald Trump, deen nach en Donneschdeg d‘Spannung an d‘Luucht gedriwwen hat, wéi hie seng Entrevue mam Vladimir Putin annuléiert huet, soll den Owend mam chinesesche President, Xi Jinping, iwwert den „Handelskrich“ diskutéieren, deen déi ganz Weltwirtschaft bedreet. „Et gi positiv Zeechen (…) wa mir en Accord fannen, wier dat eng gutt Saach“, esou den US-President.

Mee ouni „Drock auszeüben“ kann et de Milliardär aus dem Wäissen Haus dann awer net. Hien erhéicht den Drock op China, andeems hien eng Entrevue mat de Premierministeren, Shinzo Abe (Japan) an Narendra Modi (Indien) virum Treffe mam Xi Jinping huet. Géintiwwer den Ambitioune vu Peking am chinesesche Mier, setzen si sech fir eng oppen indo-pazifesch Zon an.

De chinesesche President huet deenen anere Leader verséchert, datt d‘Reformen a sengem Land weidergefouert ginn, de Maart sech weider ëffne soll an et zu engem bessere Schutz vun der intellektueller Proprietéit komme muss. Hien huet déi aner am Géigenzuch opgefuerdert, sech fir den Erhalt vum multilateralen Handelssystem anzesetzen.

G20-Sommet

Net nëmme Staats- a Regierungscheffen, och Aktivisten hunn sech op Buenos Aires ageluede fir de politeschen Decideuren hir Siicht op d‘Welt wéi se sech haut presentéiert, duerzestellen. Wéi ee gesäit, steet den Donald Trump och bei den Aktivisten am Fokus. © Alberto Raggio/AFP

Et soll direkt nom Sommet zur Entrevue mam US-President kommen. Et ass déi éischt, säit der éischter Reunioun an dëser Form, déi am November 2008 zu Washington stattfonnt hat. Déi „20“ haten sech géigesäiteg Zesummenhalt verséchert, fir der Finanzkris ze begéinen. Dës kéier gëtt gezweiwelt, datt et zu enger gemeinsamer Ofschlosserklärung komme kann.

Zu 19 fir de Klima

D‘AFP konnt en éischten Entworf agesinn, andeem bis ewell keng Kritik um „Protektionismus“ enthalen ass, fir d‘Amerikaner net ze brüskéieren. Dofir ass am Dokument „d‘Erausfuerderung duerch de Klimawandel“ enthalen, bei Berécksiichtegung vun den ënnerschiddlechen nationalen Differenzen. Et geet drëms „d‘Miwwelen ze retten“ a wéinstens 19 Ënnerschrëften ze erhalen.

Mat Verspéidung ass déi däitsch Kanzlerin, Angela Merkel, zu Buenos Aires ukomm. Si huet sech hiren Homologen am freien Owend ugeschloss, mat deenen si engem kulturelle Spektakel bäigewunnt huet, iert et e gemeinsamt Owesiesse ginn huet. De Kontext, beaflosst duerch d‘Aktualitéit, ass keen einfachen, an um Zesummenhalt muss gezweiwelt ginn.

Ëmmerhi sollen d‘Europäer eng gemeinsam Positioun géintiwwer dem Konflikt an der Ukrain fannen. E Sujet deen och säi „Gewiicht“ huet. De President vum Europarot, Donald Tusk, huet sech zouversiichtlech gewisen, datt „d‘Sanktioune vun der europäescher Unioun géintiwwer der russescher Federatioun am Dezember bäibehale ginn“. Vun neie Sanktiounen, kee Wuert.

De russesche President huet d‘Praxis vun „den illegalen an unilaterale Sanktiounen an dem Protektionismus“ denoncéiert, während an de Stroosse vu Buenos Aires, dausende Mënsche géint dëse Sommet protestéiert hunn.

„Et gëtt kee Geld fir Schoulen a Spidoler ze bauen, firwat esouvill Geld fir e Sommet ausginn, vun deem gewosst ass dat näischt derbäi erauskënnt?“, freet d‘Magdalena eng Soziologin vun 53 Joer. Argentinien, e Land dat ënnert der Laascht vun enger laanger Finanzkris dreet zesummenzebrieche muss sech elo mat drasteschen Austeritéit-Moossnamen ausenanersetzen.

mam Tupac Pointu an dem Aurélia End/AFP

Foto: De saudesche Krounprënz an de President vun der russescher Federatioun, hunn hir gutt a frëndschaftlech Bezéiung oppe gewisen. Esouwuel de Mohammed ben Salmane, wéi och de Vladimir Putin, sinn den Ament „déi béis“ am elitäre Club vun den 20 Wirtschaftsmuechten. © Alejandro Pagni/AFP

Related topics Argentinien, Buenos Aires, Donald Trump, G20-Sommet, Jamal Khashoggi, Mohammed ben Salmane, Ukrain, Vladimir Putin, Xi Jinping
Next post Previous post