Search

You may also like

34 Saachen, déi s de kenns, wann s de an de 90er opgewuess bass
International Neiegkeeten

34 Saachen, déi s de kenns, wann s de an de 90er opgewuess bass

Et ass schonn eng Zäitchen hier wou s du Airwalks

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 1)
International Neiegkeeten

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 1)

Ukommen am Lager: Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an

Tschechien an Nout!
International Neiegkeeten

Tschechien an Nout!

An Tschechien sinn d‘Spideeler zanter Deeg iwwerlaascht. D‘Land huet déi

G7-Gesondheetsminister zu Oxford

D‘Industrienatioune wëllen ee bessere Schutz viru Pandemien a méi Kooperatioun

G7-Gesondheetsminister zu Oxford

Am engleschen Oxford hu sech d‘Gesondheetsminister vun de féierenden Industrienatiounen zu de Léieren aus der Kris an dem zukünftege Schutz viru Pandemie beroden. D‘Treffe steet am Kontext zur Virbereedung op de G7-Sommet vum nächste Weekend zu Carbis Bay (Cornwall).

Nodeems sech berode war, huet et eng gemeinsam Ofschlosserklärung ginn, aus där emol primär zeréckzebehalen ass: „Mir musse sécherstellen, datt mir am Inland besser zukünfteg Bedreeunge vun der Gesondheetssécherheet virbereet sinn“. Wat dorënner ze verstoen ass, wann 10 Länner eleng, 75% vun de weltwäiten Impfdose fir sech sécheren? Et geet ëm Geld, vill ze vill Geld…

G7-Oxford

Et géif wuel eng Weltgesondheetsorganisatioun, heescht bei Gespréicher um Gank, mee et geet och ëm d‘Kontroll iwwert d‘Finanzen an d‘Patentrechter, esou wéi d‘Aussicht, ee weidert Instrument ze hunn, aarm Länner mat Ressource ze kniechten. Zudeem hätt een androcksvoll festgestallt, wéi gutt d‘Zesummespill tëscht de féierenden Natiounen, der Wëssenschaft an der Industrie geklappt huet.

Méi séier an däitlech méi effizient misst ee ginn, sot de Vertrieder vun der däitscher Pharmalobby, Jens Spahn. Hien ass der Usiicht, datt et zukünfteg am Kontext vun enger Epidemie – déi net zur Pandemie ausaarte soll – scho bannent honnert Deeg muss Tester zur Erkennung vun der Infektioun muss ginn. Et geet dobäi allerdéngs manner ëm de Schutz vum Mënsch, wéi dee vu der Wirtschaft.

Wann de Wierder keng Dote folgen

Jo och d‘Gesondheetsminister am G7-Club, vertrieden aus guddem Grond emol fir unzefänken déi Interessen, déi perséinlech Virdeeler verspriechen. An esou eng Pandemie ass Gëft fir de Wuesstem, dee jo bekanntlech muss permanent an exponentiell sinn. Natierlech wëssen si, datt esou eng Politik weder nohalteg nach gerecht ass. Mee aus biologesche Grënn mussen si sech och net veräntwerten.

Et muss een, wëll et dann awer och an de G7 Länner Mënsche gëtt, déi tatsächlech selwer denke kënnen an net op all Ligen erafalen, oder fir eng kleng Primm bereet sinn déi eege Mamm vum Stull ze stoussen, eppes positiv Rhetorik verbreet an dat eent oder anert versprach ginn. Et huet een Übung doranner mat philosophesche Gedankespiller ze glänzen, ouni se mussen ëmzesetzen.

Dofir gëtt – wuel och wëll de Joe Biden sech dat esou gewënscht huet – an der Ofschlosserklärung déi „zentral Roll vun der Gesondheetsorganisatioun“ ervirgehuewen a versprach d‘WHO mat méi finanzielle Mëttel, bessere Strukturen a méi Afloss auszestafféieren. Dat wäert, do brauch een elo wierklech Angscht hunn, ni geschéien. D‘WHO gouf ëmmer ganz bewosst finanziell vernoléissegt.

Eng Reegel déi fir déi meescht UN-Organisatiounen ugewannt gëtt, besonnesch wann et Schutz, Ernierung a Gesondheet geet. De Bericht „Globale Mangelwirtschaft“ vum Marc Engelhardt aus dem September 2016, erkläert androcksvoll, wéi dat ze verstoen ass. Méi zäitno striewen och d‘G7 en Impfpass, Zertifikat oder wat ëmmer un, fir nees d‘Geld an d‘Mënschen an Ëmlaf ze bréngen.

An de Ofschlosserklärung gouf de Fokus op den EU Covid19 Zertifikat geluecht, deen ab 1. Juli a Kraaft trëtt, an der ganzer Unioun unerkannt ass. Et wier ee frou wann och d‘G7-Länner déi net zur EU gehéieren, dësen Zertifikat géifen unerkennen. Dat géif d‘Arees a Groussbritannien, Japan, Kanada an d‘USA vereinfachen. Leider hunn d‘Fransousen de Gedanke scho gëschter ofgeschoss.

mat indymedia/lon

Related topics Carbis Bay, Cornwall, G7-Gesondheetsminister, G7-Sommet, Groussbritannien, Ofschlosserklärung, Pandemie, WHO
Next post Previous post