Search

You may also like

Vandalismus zu Miedernach – D‘Police sicht no Zeien
International Neiegkeeten

Vandalismus zu Miedernach – D‘Police sicht no Zeien

An der Nuecht vum 22. op den 23. Januar hunn

Israel: Gënnt sech Likud eng nei Spëtzt?
International Neiegkeeten

Israel: Gënnt sech Likud eng nei Spëtzt?

An Israel mussen sech d‘Membere vun der pseudo-liberaler Likud tëscht

Bréif vun engem (Fleege-)Held un de Premier an d’Regierung
International Neiegkeeten

Bréif vun engem (Fleege-)Held un de Premier an d’Regierung

Merci Här Premier, léif Regierung, är léif Wierder déi dir

Nom G7-Sommet vu Biarritz…

Perfekt Biller a kee Skandal; dofir eng net geplangten Ofschlosserklärung

Nom G7-Sommet vu Biarritz…

Et war kee Sommet wéi vill anerer, a wann et och hannert den zouen Dieren och emol eppes méi „haart“ zougaangen ass, esou hunn d‘Staats- a d‘Regierungscheffe vum G7 eng ongewinnten Eenheet demonstréiert. De franséische President huet seng Kaarte gutt ausgespillt an iwwerrascht.

Gëschter ass de G7-Sommet vu Biarritz op en Enn gaangen, an hei huet den Emmanuel Macron op en Neits en Tromp aus dem Äermel gezaubert. „Ech wënsche mir datt eis an den nächste Wochen en Treffen tëscht de Presidente Rohani (Iran) an Trump (USA) geléngt. Mir hunn d‘Konditioune fir esou een Treffe geschafen“, esou de franséische President am Hibléck op d‘Instabilitéit an der Golfregioun.

Provozéiert gouf den „Dissens“ vu Washington, wéi den Donald Trump 2018 den Atomvertrag mat Teheran zerrappt huet. D‘USA hu sech an de Kapp gesat, mat heftegste Wirtschaftssanktiounen den Ajatollahen den Zougang zu Atomwaffen ze verbidden. No weidere Provokatiounen a Sanktiounen hat den iranesche Regime dann och keng Loscht méi op Gespréicher. Déi sollen nees opgeholl ginn.

Net esou gutt gelaf ass et beim „Handelskrich“ tëscht den USA a China. Dem Donald Trump ass wuel nach emol erkläert ginn, datt eenzeg de fräien Handel d‘Weltwirtschaft um Rullen hält, firwat et d‘Zil vun de G7 muss sinn, Handelsbarrièren ofzebauen. Esou de Resumé vun der onerwaarter – wann och kuerzer – Ofschlosserklärung. Domatter hunn se zumindest eppes wéi Eenheet gewisen.

Wat dann elo konkret entscheet ginn ass:

Afrika: D‘Staats- a Regierungscheffe vum G7 wëlle verstäerkt géint den islameschen Terrorismus an der Sahelzon virgoen. Zu dësem Zweck ass sech drop verstännegt ginn, datt een déi lokal Kräfte muss entspriechend ausbilden an ausstafféieren.

Amazonas: Fir de Bränn vum Amazonas-Reebësch entgéintzetrieden, ass eng Enveloppe an Héicht vun 20 Milliounen US-Dollar bereet gestallt ginn. Am Kontext vun der UN-Generalversammlung, soll dann och nach eng Initiativ fir déi gesamt Amazonas-Regioun lancéiert ginn.

Brexit: Hei huet sech näischt gedoen an erwaart hat dat keen. De britesche Premier, Boris Johnson, huet sech wuel nach emol mam EU-Rotspresident, Donald Tusk, zu engem „véier-Ae“ Gespréich zesummegesat, mee nei Virschléi hat de BoJo net am Gepäck.

Digitalsteier: Den Dissens tëscht de Fransousen an den Amerikaner ass wuel net bäigeluecht ginn, et heescht awer datt ee sech „méi no komm ass“. De Macron huet ugedeit seng eesäiteg beschloss Digitalsteier direkt dann ofzeschafen, wann eng international Léisung fonnt ass.

Gendergerechtegkeet: Den Emmanuel Macron fuerdert vun de G7 d‘Gläichberechtegung och an de Gesetzer ze verankeren. Dat awer schéngt de Staats- a Regierungscheffe vun den industrialiséierten Natiounen net ganz esou wichteg ze sinn. Eng gemeinsam Positioun gëtt et net.

Gesondheet: D‘Bundeskanzlerin huet annoncéiert, datt Däitschland iwwert déi dräi nächst Joer eng Enveloppe vun 1 Milliard Euro an de globale Fonds zur Bekämpfung vun Aids, Malaria an Tuberkulos stieche wëll. D‘EU-Kommissioun wëll och nach emol 550 Millioune bäileeën.

Handel 1: Am Kontext vum G7-Sommet hunn d‘Japaner vill a laang mat den Amerikaner geschwat, a si hu sech um Enn zumindest „grondsätzlech“ op e bilateraalt Handelsofkommes verstännegt. Elo mussen d‘Detailer gekläert ginn. Enn September wëllen sech d‘Parteien nach emol gesinn.

Handel 2: Laut dem US-President sollt et zäitno zu neie Verhandlungen am Kontext vum Sträit mat China kommen. Hien ass zouversiichtlech datt déi éischt Virgespréicher de Wee dohinner bereet hunn. Den Donald Trump ass iwwerzeegt, datt och Peking eng Léisung wëll.

Handel 3: D‘Membere vum G7 si sech eens, datt nëmmen en oppenen a faire Welthandel fir Fridden a Stabilitéit op der Welt suerge kann. Dofir misst d‘Welthandelsorganisatioun awer grondleeënd reforméiert ginn. Wéi si sech dat am Detail virstellen, hu si leider net verroden.

Hong Kong: D‘Staats- a Regierungscheffe vum G7 hunn nach emol bekräftegt, datt si hannert dem chinesesch-briteschen Accord vun 1984 stinn, deen der Sonnerverwaltungsregioun besonnesch Rechter géintiwwer Zentralchina araumt. Si ruffen all d‘Acteuren op, Gewalt ze vermeiden.

Iran: Grondsätzlech wier den Donald Trump bereet sech mat dem iranesche President Rohani zu engem Gespréich ze treffen. D‘Staats- a Regierungscheffe vum G7 wëlle verhënneren datt den Iran Atomwaffen entwéckelt an dozou bäidroen, datt nees Rou an d‘Regioun kënnt.

Libyen: D‘G7-Länner ënnerstëtzen eng „Wafferou“ a wëllen sech fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen. Si fuerderen eng international Konferenz mat alle bedeelegten a regionalen Acteuren. Ob d‘Interessen éischter wirtschaftlech statt humanitär ausgeluecht sinn, ass weiderhin onkloer.

Ukrain: Däitschland a Frankräich hu sech drop verstännegt an den nächste Méint hir Efforten zesummenzeleeën, fir en neie Sommet am Kontext vum Donbass-Konflikt an der Krim-Annexioun ze erméiglechen. Et geet heibäi och drëms, nees Russland méi no un d‘G7-Länner ze bréngen.

mat indymedia/par/llc

Foto: Datt et um Méindeg eng gemeinsam Ofschlosserklärung ginn huet, dat ass mindestens esou iwwerraschend wéi erfreelech. Ob den Donald Trump dësen, dach iergendwéi ganz erfollegräiche Sommet, net awer nach mat enger Rei Tweets schlecht wäert maachen, dat mussen déi nächst Deeg weisen. © Burak Araz

Related topics Amazonas, G7 Sommet Biarritz, Handelskrich, Ofschlosserklärung, Weltwirtschaft, WTO-Reform
Next post Previous post