Search

You may also like

Campagne „Wéi geet et?“
International Neiegkeeten

Campagne „Wéi geet et?“

Ee Méindeg hunn d‘Taina Bofferding (Inneministère) an de Marc Hansen

Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d’Schoul: Hamm huet iwwerzeegt!
International Neiegkeeten

Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d’Schoul: Hamm huet iwwerzeegt!

Gëschter huet de Stater Schäffen- a Gemengerot mat grousser Freed

Weltwaasserdag: Fir d’Iwwerliewe vu Mënsch an Natur
International Neiegkeeten

Weltwaasserdag: Fir d’Iwwerliewe vu Mënsch an Natur

Zënter 1993 fënnt de Weltwaasserdag statt, a gëtt säit 2003

G7-Sommet Biarritz: Alles en eenzegt Gestreits?

G7-Sommet Biarritz: Alles en eenzegt Gestreits?

D‘USA wëlle franséische Wäi besteiere wa Frankräich eng Digitalsteier fir d‘Internetkonzerner géif aféieren. Den Atomvertrag mam Iran ass ëmmer nach e Sujet, esou och den Handelskrich tëscht den USA a China. Iwwer „Klima“ muss och geschwat ginn…

Wann et ëm de Wäi geet, dann hunn eis franséisch Noperen d‘Tendenz hiren Humor ze verléieren, an un deem wëll sech den Donald Trump „vergräifen“, sollt Paräis standhaft bleiwen an déi grouss Acteure vum digitale Maart besteieren. Den US-President behaapt sech drop, datt dës sougenannt „GAFA-Steier“ US-Konzerner géif benodeelegen. (GAFA = Google-Amazon-Facebook-Apple)

An do hat de Sommet nach net emol ugefaangen… Et war awer den EU-Rotspresident Donald Tusk deen dem Gaascht aus Amerika geäntwert huet: „Wann d‘USA Frankräich Douanestaxen operleeën, wäert d‘Unioun äntweren“. Méi conciliant dogéint, de franséische President Emmanuel Macron. An enger Ried op de Tëlee huet hien nach emol ënnerstrach, datt en Handelssträit kengem eppes bréngt.

BiarritzNodeems den US-President am fréien Nomëtteg ukomm war, huet hie mam franséische President zu Mëtteg giess, a war nees ganz „ëmgänglech“ wat natierlech och direkt per Twitter der ganzer Welt matgedeelt ginn ass. Et hätt villes gemeng, esou den Donald Trump, dee betount datt och wann et Differenze gëtt hien e besonnescht Verhältnes zum Emmanuel Macron géif ënnerhalen.

Handelskrich, Klimanoutstand…

Dee vun den USA ausgeléisten Handelskrich mat China – deen den Donald Trump zesumme mat Peking op en neie Level bruecht huet – dierft ee vun de „grousse“ Sujete sinn déi d‘Staats- a Regierungscheffen ze behandelen hunn. Ugesiichts der Ëmweltkatastroph déi am brasilianeschen Amazonasgebitt ëm sech gräift, mussen och d‘Bëschbränn an de Jair Bolsonaro ugeschwat ginn.

Fir den EU-Rotspresident ass de Beholl vun der brasilianescher Regierung en zolitte Problem. Gëtt hei net séier eng „Léisung“ fonnt, da riskéiert d‘Fräihandelsofkommes tëscht der EU an de Länner vum „Mercosur“ flaach ze falen. Frankräich hat däitlech gemaach, datt wann de Bolsonaro net seng Verflichtungen – de Schutz vum Reebësch – anhält, Paräis de Fräihandelsaccord net ratifizéiert.

BiarritzDe Boris Johnson huet sech sengersäits fir de Fräihandelsaccord agesat. Fir de britesche Premier ass et den éischte G7-Sommet, an obwuel et grad hien ass deen et net esou mat Handelsverträg huet an och ab dem 31. Oktober net méi zur EU gehéiert, sollt Europa d‘Mercosur-Ofkommes net wéinst e bëssi verluere Bësch a fro stellen. An natierlech huet de BoJo och wëlles de Brexit opzedëschen.

War soss nach eppes?

Richteg, kee G7-Sommet ouni „Géigesommet“. De Protest deen all dës Sommete begleet ass vun de franséischen Autoritéite brutal op „Distanz gehale“ ginn. Eigentlech sinn d‘Altermondialisten u sech net dat wat een als Rabbelkäpp ëmschreiwe kann, mee do sinn dann awer och ëmmer därer mat vun der Partie, déi dat anescht gesinn: de sougenannte „schwaarze Block“ suergt fir Geklapps…

Biarritz

Zu Bayonne haten sech d‘CRS gutt e méiglechen Iwwergrëff aus dem sougenannte „schwaarze Block“ virbereet an de Stadkär ofgerigelt. Trotzdeem wollten dunn Owes eng dausend motivéiert Klatzkäpp wëssen ob et net awer en duerchkomme gëtt. © Channoh

An esou ass et komm wéi huet komme mussen: zu Bayonne (dat sinn d‘Noperen) sinn um fréien Owend eng dausend Demonstrante mat der Police unenaner geroden. D‘Autoritéiten haten de Stadkär zougesat a bei enger Bréck, déi Zougang zum Zentrum ginn hätt, ass dann och hefteg an deels brutal zougaangen. Déi eng hu mat Paweesteng gehäit, déi hu mat Tréinegas geäntwert.

Biarritz

Den Donald Trump zesumme mam Boris Johnson am haff vum Hotel du Palais um Strand vu Biarritz. © Dan Scavino Jr (Via Twitter)

Während sech zu Bayonne d‘Klatzkäpp eng bluddeg Nues agefaangen hunn – eng 70 leit si vun der Police verhaft ginn a zur Stonn setzen der 38 an der „garde à vue“ – ass um Géigesommet am 30 Kilometer entleeënen Hendaye alles Friddlech bliwwen. Hei hunn sech zanter dem Freideg gutt 15.000 Mënsche versammelt, déi eng aner Politik a méi sozial Gerechtegkeet verlaangen.

mat indymedia/par/bao

Foto: Beim gemitterlechen Owesiessen op der Terrass vum Hotel du Palais um Strand vu Biarritz. © The White House

Related topics Bëschbränn, Boris Johnson, Brasilien, Donald Trump, Emmanuel Macron, G7 Sommet Biarritz, Handelskrich, Jair Bolsonaro
Next post Previous post