Search

You may also like

De „schnellen Internet“ setzt sech zu Lëtzebuerg duerch
International Meenung Neiegkeeten

De „schnellen Internet“ setzt sech zu Lëtzebuerg duerch

Den ILR (Lëtzebuerger Reguléierungsinstitut) huet am Dezember seng statistesch Fiche

Faschistesch Interferenzen am Bundestag
International Meenung Neiegkeeten

Faschistesch Interferenzen am Bundestag

Um Donneschdeg huet sech de „Conseil vun den Eeleren“ vum

Ee Live Q&A (Froen an Äntwerten) zu der Impfung
International Meenung Neiegkeeten

Ee Live Q&A (Froen an Äntwerten) zu der Impfung

Impfen oder net impfe loossen – dat ass hei d‘Fro.

Editorial: G7-Staategemeinschaft an d‘Taliban

Editorial: G7-Staategemeinschaft an d‘Taliban

Datt d‘Amerikaner ee wierklech vertrauenswierdege Partner sinn, an sech esou och ëmmer voll a ganz op hir Expertise an international bewäerte Politik verloosse kënnen, dat stellen Däitschland, Frankräich a Groussbirtannien aus aussepolitesche Grënn net a Fro, trotzdeem kritiséieren si den neie Cowboy Joe Biden, deen – wat seele genuch vir kënnt – u sengem Taliban-Deal festhält.

Taliban

En Deal deen am Februar vum leschte Joer der ganzer Welt, also folgerichteg och de Regierungen, déi hir Zaldoten an den Dout geschéckt hunn, bekannt war. Si hätten do, wa se sech dann esou géife behuele wéi si et vun eis fuerderen, misse seriéis ufänken sech op d‘Opnam vun honnertdausende Flüchtlinge virzebereeden. Dat gouf mat Absicht ënnerlooss, wuel aus wirtschaftspolitesche Grënn.

Interessant dann och d‘Feststellung, dat dës friddensstëftend Natiounen, déi jo just zeréckbliwwene Mënsche mat der westlecher Demokratie an hire Wäerter wollte vertraut maachen, elo betounen, datt si am liewen net, d‘Victoire vun den radikalislameschen Taliban wäerten unerkennen. Si hunn sech virgeholl den Islameschen Emirat Afghanistan, international ze isoléieren. Dat ass wuel krass.

Zum enge wäert et wuel net goen ouni sech mat den Taliban ze „verstännegen“, zum aneren huet et d‘Nopere wéi d‘Tierkei, Pakistan an den Iran, wéi och China, déi duerchaus gewëllt sinn, mat den Taliban wirtschafts- a sécherheetspolitesch zesummenzeschaffen. Esouguer Saudiarabien ka sech diplomatesch Bezéiunge mat enger „Taliban-Regierung“ virstellen. Dat gesinn d‘USA net gären…

Kloer sollt engem och sinn, datt ee mëttelfristeg guer net anescht wäert kënne virgoen – zumindest wann een nach minimal Afloss op déi nei Haushäre wëll ausüben – wéi d‘Taliban international anzebannen. Wéi dat soll goen, a wat et fir Auswierkungen op déi europäesch Aussepolitik huet, dat kann een zur Stonn net ofschätzen. An déi dausende Flüchtlingen dierften och en Impakt hunn.

Foto: Och den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet um G7-Meeting fir Afghanistan deelgeholl. Wierklech eens schéngen sech d‘Partner awer net gewiescht ze sinn. © NATO

Annex:

Related topics Afghanistan, Besatzungsmuecht, Flüchtlingen, Isolatioun, NATO, Taliban, Terror, USA
Next post Previous post