Search

You may also like

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
International Neiegkeeten Stories

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer

De Summer näipt sech sengem Enn zou, a vill Vakanz

Brutalen Iwwerfall op Homosexuellen
International Neiegkeeten Stories

Brutalen Iwwerfall op Homosexuellen

E 24 Joer ale Student a säi Frënd goufen a leschte Weekend

En Amerikaner um elektresche Stull
International Neiegkeeten Stories

En Amerikaner um elektresche Stull

En Amerikaner, deen et virgezunn huet duerch en déidlechen elektresche

G7 wëllen sech um chinesesche Modell versichen

Nodeems et hinne laang genuch erkläert gouf, hunn och déi féierend Natiounen et verstanen

G7 wëllen sech um chinesesche Modell versichen

Déi sougenannt Industrienatiounen hunn iwwert ee Plang zum Opbau vun Infrastrukturen an aarme Länner beroden. Si hunn erkannt, datt d‘Kommunisten, de Mënschen zwar och d‘Ressource klauen, hinnen awer als Géigeleeschtung Stroossen, Schinnen, Schoulen a medezinesch Ariichtunge ginn. China huet zudeem d‘Kompetenz an d‘Kapassitéit ganz Afrika ze impfen…

Elo kënnen d‘Länner vum G7, déi aus iergendengem onverständleche Grond iwwerzeegt schéngen, dat all d‘Ressource vun der Welt hinne gehéieren, déi chinesesch wirtschaftlech Expansioun – an dat huet ee Numm: „Seidestrooss“ – net zouloossen. Dobäi hunn sech d‘G7-Länner längst selwer a ville Beräicher vun der chinesescher Wirtschaftsleeschtung ofhängeg gemaach. Dat soll ophalen.

G7© David Fisher / G7 Cornwall 2021

D‘Angela „Mutti“ Merkel – dat ass déi Damm mam „Wir schaffen das!“ – huet an dësem Kontext erkläert, datt elo an engem éischte Schratt en Aarbechtsgrupp soll agesat ginn. Dëse soll sech dem bestoende Besoin un Infrastrukturen zouwennen a méiglechst Zäitno éischt Projeten zur Decisioun virleeën. Eng graff Virstellung vum finanziellen Opwand huet d‘Kanzlerin och: 40 Billiounen $.

Woubäi natierlech net gewosst ass, wou déi sollen hierkommen. De Joe Biden hat senge Leit dëse Sujet och ënnerbreet, an d‘Amerikaner hunn eng éischter pragmatesch Approche. D‘Regierungen, esou d‘Siicht vun den US-Vertrieder, sollten zesumme mat hire Wirtschaftspartner déi benéidegt Milliarden opbréngen, fir engersäits déi eege Besoinen, wéi déi vun de Mënschen ze befriddegen.

Eng imperialistesch Alternativ…

Wierklech interessant un der amerikanescher Positioun, ass d‘Feststellung datt si zumindest kéinte verstanen hunn, wéi d‘Chinesen hire Wirtschaftsraum erweideren. Elo wëllen d‘Amerikaner am Aklang mat hire Komplizen, den Afrikaner „eng positiv awer alternativ Visioun vum Ausbau vun Industrie a Landwirtschaft“ ubidden. An d‘Argumentatioun ass natierlech nees ganz Wäertfräi…

Dem Joe Biden seng Wirtschaftshumaniste stelle fest: „Et geet hei net drëms, datt d‘Länner sech tëscht eis oder de Chinesen entscheede mussen“. D‘Afrikaner, d‘Inselbevëlkerungen a wie soss nach alles esou um Hongerduch knat, sollten sech virun der Gieler Gefor an Uecht huelen, well wann och alles séier ofgewéckelt gëtt, esou hätten d‘Kommuniste kolonialistesch Absichten.

G7© Karwai Tang / G7 Cornwall 2021

Et gëtt Peking dann och ee Manktem un Transparenz ënnerstallt. Zudeem géifen d‘Chinesen Natur an Ëmwelt zerstéieren, esouguer d‘Standarde beim Aarbechtsrecht wéi der Sécherheet op der Schaff wieren desastréis. Dat ass zwar glat gelunn, mee als Argument zwéngend noutwenneg, well d‘G7 hu mëttlerweil iwwer aacht Joer Retard an dat mam Ausbeute fänkt un eppes komplizéiert ze ginn.

Zanter 2013 sinn d‘Chinesen ënnerwee an hir nei Seidestrooss ass net emol eng schlecht Iddi, wann ee vum politeschen Hannergrond ofgesäit. Mat hirer Infrastrukturinitiativ, déi op der Schinn fousst, an esou zumindest Resilient ass, wat d‘Ëmweltbelaaschtung ugeet, hunn d‘Chinese bannent engem Joerzéngt hikritt, wat de Kolonialmuechten an 200 Joer net emol usazweis an de Sënn komm ass.

a kommunistesch Grondlagen

D‘Chinese hunn net nëmme Milliarden US-Dollar am Iwwerfloss, si hunn och dat richtegt Personal. Mënschen déi formatéiert sinn, fir d‘éischt hirem Land, dann der Partei an der Entreprise ze déngen iert u sech geduecht dierf ginn. An de Länner vun de G7 ass et genee de Géigendeel. An esou ass et de Chinesen net wierklech schwéier gefall, honnerte Kooperatiounsverträg an Afrika ze schléissen.

Peking investéiert virzuchsweis an esou Länner, déi vun der internationaler Communautéit – aus Grënn – keng Ënnerstëtzung kréien. D‘G7 (a si sinn a gudder Gesellschaft) si majoritär Schold un der katastrophaler Lag vun dëse Länner, liwwere Waffen a stäipe Milizen, hunn duerch hir krätzeg Agissementer dem radikalen Islamismus d‘Paarten opgemaach an finanzéieren Diktatoren.

G7De President vu Südafrika, Cyril Ramaphosa mat Begleedung © David Fisher / G7 Cornwall 2021

Statt sech awer ze besënnen an eventuell eppes Selbstkritik ze üben, werfen d‘USA de Chinese vir, d‘Länner an d‘Scholdefal ze dreiwen, si politesch ofhängeg ze maachen an d‘Ëmwelt ze zerstéieren. Et gëtt da bossegerweis och nach drop higewisen, datt beim Bau vun Eisebunnen, Häfen a Stroosse just chinesesch Entreprisen den Zouschlag géife kréien. Dat ass awer och wierklech ongerecht.

Wéi e gesäit war China ee zentraalt Thema vum G7-Sommet zu Carbis Bay, an et ass gewosst, datt dem Räich vun der Mëtt an der Ofschlosserklärung wäert geduecht ginn. De Joe Biden hat drop bestanen, datt een an dëser op d‘Mënscherechtsverletzunge vu China misst agoen. Et geet nach ëmmer ëm d‘Uiguren an d‘Zwangsaarbecht – vun där d‘G7 Industrie profitéiert hunn – a China.

Impfstoffer als „nei Wärung“

Bannent de G7 ass ee stramm beduecht der Ëffentlechkeet Sand an d‘Aen ze streeën a China, dat ee mat eegenem Geld zu enger Wirtschaftsmuecht opgebaut huet, ze diskreditéieren. Dat ass, bezunn op den desolate Bildungsniveau an de G7-Staaten net wierklech schwéier. Um Terrain dogéint muss sech eppes méi ugestrengt ginn, an den Afrikaner „Alternativen“ ubidde geet sécher net duer.

Aus dësem Grond gëtt sech um haitege Sonndeg dann och nach emol iwwer d‘Zouwennung vun Impfstoffer beroden. D‘USA hu jo 500 Milliounen Dose bei Pfizer/Biontech bestallt, déi un 93 Länner – wann déi politesch den Aarsch beweegt kréien – solle verdeelt ginn. Dat huet net direkt eppes mat Humanitéit an/oder China ze dinn, mee géif een dat net maache misste Patenter falen…

G7L to Right Bilateral meeting between the President of the Republic of Korea, His Excellency, Moon Jae-in and the Prime Minister of Australia, The Han Scott Morrison. 12th June 2021 Credit: Justin Goff/G7 Cornwall 2021

Zesummegeholl, wëllen d‘G7 2,3 Milliarden Dose „verdeelen“. Dat ass awer méi Absichtserklärung wéi verspriechen, an natierelch hei och eppes dem Drock säitens der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) geschëlt. Zu Peking, wou de stännege Comité vum nationale Vollekskongress ee Gesetz ugeholl huet, fir d‘Sanktioune vun de G7 an hire Frënn ze konterkaréieren, ass een eppes amuséiert.

Si verfollegen natierlech alles wat sech zu Carbis Bay gesot a versprach gëtt. A wärend d‘G7 sech mat Palaver a Verspriechen, mee ouni Agenda a verbréiften Engagementer, als Gewënner wëllen duerstellen, handelen d‘Chinesen. Si wäerten och Aarbechtsgruppen hunn, déi auswiele wou wat ze bauen ass, mee faktesch sinn d‘Chinese scho mat de Projeten duerch wärend déi aner nach denken.

mat indymedia/lon

Foto: © David Fisher / G7 Cornwall 2021

Related topics Afrika, Carbis Bay, China, G7-Sommet, Impfstoffer, Investitiounen, Nei Weltuerdnung
Next post Previous post