Search

You may also like

E Spuenier zu Moskau
Kultur

E Spuenier zu Moskau

Et si scho bal véier Joer hir, datt sech en

3 Froen un d’Werftcrew vun der Sea-Watch
Kultur

3 Froen un d’Werftcrew vun der Sea-Watch

D’Kiki ass als Deckhand u Bord. D’Werftzäit ass fir hatt

Europa: d‘Fuerderung no engem neien industrielle Model
Kultur

Europa: d‘Fuerderung no engem neien industrielle Model

D‘Decisioun vum Grupp Daimler sech vu sengem Standuert vun Hambach

Galerie: En Tour iwwert d’Schueberfouer

Et gëtt dausend gutt Grënn fir en Tour iwwert d’Schueberfouer ze maachen. Vläicht gëtt et der och e puer fir net ze goen. Gutt jiddereen iwwerzeege wëlle mer elo och net, mee vläicht awer Loscht drop maachen.

Dat een elo net op der Fouer wëll wunne bleiwen, zemools wou d’Wieder nees éischter un den Abrëll erënnert, dofir hu mer Versteesdemech. Mee et gëtt awer e puer Geleeënheeten déi sech ubidden trotzdem en Tour mat der Achterbahn ze maachen oder e gebaakte Fësch ze maufelen.

De Fësch kéint ee sech beispillsweis en Dënschdeg vun engem Buergermeeschter zerwéiere loossen. 36 där Gemengepäpp a Mamme sinn an de Restauranten ënnerwee fir iech de gudde Maufel op den Dësch ze bréngen.

Fir déi wou et elo éischter op d’Attraktiounen zitt, awer fir hire Portmonnie fäerten, deene kann och gehollef ginn. E Mëttwoch 30. August ass Familljendag. Do gëtt et villes zu engem reduzéierten Tarif, ausser dem Spaass, dee bleift voll erhalen. (De reduzéierten Tarif gëtt et iwwregens och um leschten Dag vun 11 bis 20 Auer)

Erlaabt eis och nach eng Kéier drun ze erënneren, datt et gescheit ass mam ëffentlechen Transport op de Glacis ze kommen. Um Lampertsbierg gëtt et während der Schueberfouer kaum Parkplazen an et sinn schonn ee ganze Batz Protokoller geschriwwe ginn. Dat kann engem de Spaass verdierwen, muss et awer net.

De Busdéngscht tëscht all de P&R ronderëm d’Stad ass super organiséiert. Déi ze notzen schount d’Nerven an de Portmonni. Zudeem sollt ee wëssen datt et sëlleche sonner Busse gëtt. Um Site www.fouer.lu oder mat der App gitt dir alles gewuer wat een heizou wësse muss.

Related topics Forain, Forainen, Riserad, Schueberfouer, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post