Search

You may also like

Klengt Duerf ganz grouss: En Tour duerch Randschelt
Stories

Klengt Duerf ganz grouss: En Tour duerch Randschelt

Geleeën an enger idyllescher Kaul an der Gemeng Wahl gëllt

Kënnt et am Venezuela zum Biergerkrich?
Stories

Kënnt et am Venezuela zum Biergerkrich?

D‘Situatioun tëscht Regierung an Oppositioun am Venezuela ass ugespaant, an

Tennis: De Karatsev a senger Blos – an den Osaka war presséiert
Stories

Tennis: De Karatsev a senger Blos – an den Osaka war presséiert

Den Aslan Karatsev huet säi Mäerchen zu Melbourne weidergefouert. An

Galerie: Kanner zu Rëmeleng an Entdeckerlaun

Galerie: Kanner zu Rëmeleng an Entdeckerlaun

De „Kids Day 2017“ am nationale Minièresmusée (MnM) zu Rëmeleng war aus eiser Siicht an trotz reeneregem Wieder en Erfolleg. D‘Butzen déi sech hei Rendez-vous ginn haten, hunn bewisen, datt et kee schlecht Wieder, beschtefalls schlecht Kleedung gëtt.

Eppes wat eis dann och d‘Alexandra Viola vum MnM mat enger Visite vun den Aktivitéite konnt bestätegen. Vun 11:00 bis 17:00 Auer huet den MnM an Zesummenaarbecht mat villen aneren Associatiounen a Veräiner villes ze entdecke bereet gehalen. Aktivitéiten déi iwwerdeems d‘Elteren net ausgeschloss hunn. Matmaachen als Famill war eben Tromp, an et huet een dann och wierklech nëmmen zefridde Gesiichter begéint.

Kulinaresch verwinnt

Dat deem esou konnt sinn, ass dann awer och ganz engagéierten Acteure geschëlt. Während sech déi jonk Damen aus dem Jugendhaus der Gesiichtsmolerei an hir Männer dem Popcorn an de Paangecher gewidmet hunn, hu sech d‘Pompjee ëm d‘Gedrénks gekëmmert. Fir d‘Fritten an d‘Gegrilltes hunn d‘Häre vum MnM gesuergt.

Propper geschminkt, den Duuscht an den Honger gestëllt, konnten d‘Kanner da vill Neies an Interessantes entdecken. Bei den Amateurfunker konnt een de Morsecode léieren an och direkt ausprobéieren. Bei der Equippe vum Naturmusée war villes iwwert d‘Natur gewuer ze ginn, an op der Wanderung konnt een munches iwwert den Tagebau an d‘Planzewelt ronderëm de Minière léieren.

Mam Alexandra Viola (lénks am Bild) hu mir eis dierfen e Bild vun de villen Aktivitéite maachen. Den Atelier „Bouschéissen“ vu KIOWA war ganz kloer ee vun de Favoritten (© Martine de Lagardère/moien.lu)

D‘Superdreckskëscht huet iwwert den Ëmgang mam Offall opgekläert, eng Dame op Stelzen, verkleet als Päiperlek huet sech als Motiv fir d‘Erënnerungsfoto ugebueden. All hallef Stonn konnt ee mat der Minièresbunn gratis en Tour duerch d‘Galerie maachen an gewuer ginn, wéi dat fréier esou war.

E gellege Spaass

Ganz vill Succès haten awer onweigerlech d‘Bouschéissen an d‘Eisebunnen. Am Atelier vum Bouschéisser-Veräi KIOWA huet ee Gedold missen hunn fir un den Tour ze kommen. Mee et war mat Sécherheet ee vun den onvergiessleche Momenter. Grad esou spannend an Interessant, den Atelier vum Dampbunnklub. Nieft enger Modelleisebunn an vu Waasserdamp ugedriwwe Modeller, war et natierlech ee gellege Spaass och en Tour mat der Mini-Eisebunn ze maachen.

E flotten Dag also, och wann d‘Organisateuren sech fir déi sechsten Editioun nees eppes méi ee sonnegt Wieder erhoffen. De Rendez-vous ass awer sécher an et dierf een jidderengem de „Kids Day“ vum Minèresmusée un d‘Häerz leeën. Hei sinn Spill, Spaass an Léiere vereent, och oder grad fir déi „Grouss“ déi mat de Butzen op Rëmeleng kommen.

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Lëtzebuerg, Musée National des Mines, Rëmeleng
Next post Previous post