Search

You may also like

Weltwaasserdag 2021: Wat bedeit Waasser fir dech?
Kultur

Weltwaasserdag 2021: Wat bedeit Waasser fir dech?

Säit dem Joer 1993 gëtt um Weltwaasserdag de Fokus op

Éischt konstruktiv Léisungsusätz
Kultur

Éischt konstruktiv Léisungsusätz

Op dësem Freideg huet am Schlass zu Senneng op Drock

Pipo Peng: t’Franséischt
Kultur

Pipo Peng: t’Franséischt

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Galerie: Offiziell Ouverture 677. Schueberfouer

Et war erëm un der Zäit a bei beschtem Summerwieder waren déi fiicht Plazen haart ëmkämpft. Riets ass vun der Ouverture, vun der 677. Schueberfouer. E Moment am liewe wou sech d‘Notabelen aus der Politik op ee flott Zesummesinn freeën.

Um 17:00 gouf pünktlech d‘Bändche vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer duerchgeschnidden. A mat de Kläng vum Hämmelsmarsch huet sech de Schäfferot mat senge sëlleche Gäscht op de Wee gemaach, éischt Impressioune vum Volleksfest opzehiewen. Gutt gelaunt an ofgeséchert sinn d‘Attraktiounen och fir Erwuessener e gëllege Spaass.

D‘Riserad ass net ausgelooss ginn, gehéiert déi Attraktioun dach zum „muss de gemaach hunn“. En Erliefnis dat, opgrond vum neie Positionnement vum Riserad, ganz nei an och liicht ongewinnt ass. D‘Siicht allerdéngs, besonnesch bei esou Wieder, ass a bleift eenzegaarteg.

Offiziell Ouverture vun der 677. Schueberfouer (© Martine de Lagardère/moien.lu)

No engem groussen „Tour“ an bei deenen Temperature war een um Enn dann awer Frou, sech seng Plaz am Restaurant „Kugener“ ergattert ze hunn. Mat engem spruddelege Gedrénks konnt ee sech erkréien an de wichtegsten Akt vum Dag sollt net laang op sech waarden doen. De President vun de Forainen, de Roger Pelzer, huet dann och d‘Buergermeeschtesch a weider wichteg Personalitéiten zou sech geruff.

D‘Uschneide vun der Kiermesham an der dozougehéierender Brioche ass dann och dat, wourop sech d‘Pressefotografen stierzen. Dobäi geet et leider net manéierlech zou an d‘Leit op de Dëscher hu leider wéineg dovun. Bon dofir klappt den Service an kee muss fäerten hongereg heem ze goen.

An hire Rieden, hunn de Roger Pelzer an d‘Lydie Polfer un d‘Traditioun erënnert. Si wënschen de Forainen an alle Visiteure gutt Wieder a vill Spaass. Duerch déi nei Gestaltung wier et wuel eng „nei“ Schueberfouer, mee dann awer och nees ganz déi „al“. Och dëst Joer ginn da bis zu zwou Millioune Leit um Glacis erwaart. Wien de Spaass ganz wëll genéissen, kënnt dann och mam Bus.

Related topics Forain, Lydie Polfer, Roger Pelzer, Schueberfouer, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post