Search

You may also like

Joe Biden hëlt Nominéierung als Presidentschaftskandidat un
Business Neiegkeeten

Joe Biden hëlt Nominéierung als Presidentschaftskandidat un

Bei sengem Optrëtt um virtuelle Parteikongress, huet de Joe Biden

Festival „On Stéitsch“ 2021: Jonk Artiste kënne sech elo umellen
Business Neiegkeeten

Festival „On Stéitsch“ 2021: Jonk Artiste kënne sech elo umellen

Déi 14. Editioun vum beléiften nationale Festival „On Stéitsch“ huet

Wien verschmotzt soll bezuelen! Spillt Engie do mat?
Business Neiegkeeten

Wien verschmotzt soll bezuelen! Spillt Engie do mat?

Um Mëttwoch Moie hunn eng 20 belsch Greenpeace-Aktivisten d’Haaptentrée vun

D’Galeries Lafayette Lëtzebuerg hunn en neien Direkter

D’Galeries Lafayette Lëtzebuerg hunn en neien Direkter

Mam Laurent Dufraisse hunn d’Galeries Lafayette zu Lëtzebuerg zanter dem 1. Juni en neien Direkter. Hien huet am Joer 2010 säi Master II a Management ofgeschloss, seng berufflech Karriär huet als „Verkafsingenieur“ säin Ufank fonnt. No 4 Joer war et Zäit fir en Tapéitewiessel, als Manager bei Decathlon huet de Laurent Dufraisse nei Erfarunge gesammelt, iert hien d’Direkter ginn ass.

Am Joer 2017 ass hie schliisslech en Deel vun de Galeries Lafayette ginn. Fir d’éischt war de Laurent Dufraisse Direkter vum Buttek Chambéry, am Joer 2019 huet hien d’Galeries Lafayette Clermont-Ferrand geleet. Mat sengem Wëssen (an als Deel vun der internationaler Direktioun) ass de Laurent Dufraisse elo zu Lëtzebuerg fir d’Stäerkung an en erfollegräichen Etablissement vun de Galeries Lafayette verantwortlech.

D’Galeries Lafayette um Hamilius an der Stad verbanne mat hirer eenzegaarteger Architektur lokal Aflëss sou wéi de franséische Charme a Luxus. Do kann e sech sécher sinn, datt all Besuch en Erliefnes gëtt an datt een net fäerdeg gëtt Neies ze entdecken. Weider Informatioune fannt Dir hei:

galerieslafayette.com

Foto: © Galeries Lafayette

Related topics Direkter, Galeries Lafayette, Laurent Dufraisse, Lëtzebuerg, Management
Next post Previous post