Search

You may also like

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker
Meenung Neiegkeeten

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker

Gëschter ass an der Ukrain d’Entscheedung getraff ginn, fir op

geeksurprise
A Russland wëll d‘Regierung den Internet kontrolléieren
Meenung Neiegkeeten

A Russland wëll d‘Regierung den Internet kontrolléieren

Mam neie Gesetz gëtt sech déi russesch Regierung eng eegent

Covid-19: D’Gemeng Schëffleng ergräift strikt Moossname fir d’Schoulen
Meenung Neiegkeeten

Covid-19: D’Gemeng Schëffleng ergräift strikt Moossname fir d’Schoulen

An de Schoule vun der Gemeng Schëffleng bleift d’Situatioun weiderhin

GAP-Ofstëmmung: En Doudesstouss fir d’Natur

D'Majoritéit vun den Deputéierten steiert eis Landwirtschaft an eng Katastroph

GAP-Ofstëmmung: En Doudesstouss fir d’Natur

D’Europäescht Parlament huet lescht Woch den Entworf vun der Gemeinsamer Agrarpolitik vun der Europäescher Unioun (GAP) gebëllegt. Et wäert kee Fortschrëtt fir eng bäuerlech Landwirtschaft, d’Ëmwelt oder de Klimaschutz ginn.

E Freideg, den 23. Oktober, am fréien Nomëtteg haten all EU-Deputéiert nach d’Méiglechkeet de GAP-Virschlag a senger Gesamtheet ze verwerfen. Do virdrun hu sech zuelräich Ëmweltverbänn an zivilgesellschaftlech Organisatiounen engagéiert fir dat Schlëmmst ze vermeiden.

D’Majoritéit vun den Deputéierten huet de wuessenden Drock vu Verbänn vun der Zivilgesellschaft a Klimaaktivisten, déi d’Zeréckweisung vun der GAP mam Slogan #VoteThisCAPdown gefuerdert hunn, ignoréiert.

38 % vun den Deputéierten wollten dës GAP net matdroen, andeem si dogéint gestëmmt oder sech enthalen hunn. D’Tilly Metz (déi gréng) an de Marc Angel (LSAP) hunn dogéint gestëmmt, de Christophe Hansen (CSV), d’Isabel Wiseler-Lima (CSV), sou wéi de Charles Goerens (DP) an d’Monica Semedo (DP) hunn fir dëse katastrophale GAP-Entworf gestëmmt.

De skandaléise Manöver vum President vum EU-Parlament, David Sassoli, fir d’Ofstëmmung onerwaart, ouni Grond oder Virwarnung an a leschter Minutt ëm e ganzen Dag virzeverleeën, huet den Europadeputéierte keng Zäit gelooss fir hirer demokratescher Flicht nozekommen. Dobäi haten Naturschutzorganisatiounen schonn am Virfeld dësen Entworf als „Kiss of Death“ oder „Doudesstouss“ fir d’Natur bezeechent. Wëssenschaftler veruerteelen och dëse „green-washed“ Deal als nach méi schlëmme „business as usual“.

D’Majoritéit vun den Deputéierten huet och géint een an der GAP festgehalent Emissiounsreduktiounszil fir d’Landwirtschaft vun 30 % bis 2027 gestëmmt. Dobäi fuerdere Wëssenschaftler, datt d’Emissioune vun der Landwirtschaft bis 2050 ëm 80 % reduzéiert musse ginn, fir datt Europa seng Emissiounsreduktiounsziler erreeche kann.

Dës desastréis Ofstëmmung kéint duerchaus och d’Enn vum éiergäizege Green Deal vun der EU bedeiten, deen dréngend eng radikal GAP-Reform benéidegt. Déi vum Europäesche Parlament gebëllegt GAP entsprécht nämlech weder den Ziler an Ambitiounen vum Europäesche Green Deal, nach den Ufank des Jores verëffentlechte „Farm to Fork“- a Biodiversitéitsstrategien.

„Mir kënne siwe Joer bis zur nächster „Agrar-Reform“ waarden. Besonnesch eist erhëtzt Klima an eis futtis Natur kënnen net nach méi laang waarden. Déi ekologesch a sozial Verännerungen an eiser Landwirtschaft mussen elo stattfannen. Mat dësem GAP-Entworf wäert sech den Agribusiness d’Hänn reiwen“, kommentéiert de Mathieu Wittman vu Meng Landwirtschaft.

„Dës GAP vertrëtt an hirer aktueller Form just d’Interesse vun de gréissten industrielle Produzenten an de räichste Landbesëtzer. De klassesche Familljebetrib, d’Basis vun der Landwirtschaft a vum kulturelle Liewen am ländleche Raum a ville Länner vun der EU, sou wéi d’Fërderung vun der Natur an Aartevillfalt goufe vun der Majoritéit vun den Deputéierten op d’Säit gedréckt, esou wéi och d’Klimaziler vum Paräisser Ofkommes.“

Net nëmmen d’EU-Parlament huet enttäuscht

Och de Rot vun de Memberlänner huet lescht Woch seng Haltung zur EU-Agrarreform ofginn. Dës ass och katastrophal fir Klima, d’Biodiversitéit an d’Déierewuel, wéi d’Positioun vum Parlament. De Rot huet elo méi wéi 20 % vum Budget fir d’Entlounung vun Ëmweltmoossnamen festgehalen. Zwar huet d’EU-Parlament dogéint 30 % festgehalen, huet awer gläichzäiteg fir e komplett verwässert sougenannt „Eco-Schemes“ gestëmmt. Well de prezisen Inhalt vun dësem „Eco-Schemes“ an nationaler Verantwortung leie sollt, dierft wuel e Wettlaf ëm déi lasch Bestëmmunge starten.

Aktuell ginn all Joer bal 60 Milliarden Euro un EU-Steiergelder fir d’GAP-Subventiounen ausginn, mat deenen virun allem d’Intensiv- a Massendéierenhaltung finanzéiert ginn. Kleng Betriber an nei kreativ Initiativen hunn hei keng Méiglechkeet sech ze behaapten.

Déi lescht Chance schengt elo déi Europäesch Kommissioun ze sinn, déi sech kloer an däitlech fir eng Green-Deal-kompatibel GAP staark an breet maache muss. Et dierf dobäi net ausser Uecht gelooss ginn, datt rezent Etüden an Evaluatiounen vun de Subventiounsgelder beleeën, datt déi bishereg Subventiounspolitik vun der GAP, besonnesch d’Direktzuelungen, genee an déi haiteg Kris eragefouert huet an dofir net méi laang akzeptéiert ka ginn.

D’GAP-Architektur muss ëmgebaut ginn, just esou kënnen Nohaltegkeetsziler, sou wéi Klimaschutz-, Waasserschutz-, Déiereschutz- a Biodiversitéitsziler erreecht ginn. D’EU muss de Kader setzen, an deem d’Memberstaaten genee dës Ziler schnellstméiglech an effizient ëmsetze kënnen. Bis ewell ass dovun nach näischt ze gesinn…

Matgedeelt vu Meng Landwirtschaft

Related topics #VoteThisCAPdown, Bauer, Emissiounen, Ëmwelt, Gemeinsam Agrarpolitik, Meng Land, Paräisser Klimaofkommes, Tilly Metz, Waasserschutz
Next post Previous post