Search

You may also like

Schwéiert Zuchaccident zu Taiwan
Kultur Neiegkeeten

Schwéiert Zuchaccident zu Taiwan

No engem, schwéieren Accident op der Insel Taiwan, wou en

Vill Emotioune beim „leschte“ Bilan vun de Stater Beruffspompjeeën
Kultur Neiegkeeten

Vill Emotioune beim „leschte“ Bilan vun de Stater Beruffspompjeeën

Et war dee leschte Bilan, dee gëschter vun der Buergermeeschtesch

Photovoltaik an der Groussregioun
Kultur Neiegkeeten

Photovoltaik an der Groussregioun

An der Gemeng Tintigny – geleeën tëscht Florenville an Habay

Garden Sounds 2021 mam Tom Gatza an All Reitz Reserved

Garden Sounds 2021 mam Tom Gatza an All Reitz Reserved

Am Kader vun der dësjäreger Editioun vum Garden Sounds zu Wooltz gëtt e spannende Programm, bestoend aus Musek, Literatur a Workshops ugebueden. Um 8. Mee steet dat nächst kulturellt Evenement mat Frëschloft-Garantie un.

Tom Gatza (Neoklassik, DE) um 19:00 Auer: De Multiinstrumentalist aus Hamburg schaaft intim Klangwelten, gepräägt vu nordescher Melancholie. Fir d’Produktioun vu sengem Album Mili huet sech de Kënschtler op déi Dänesch Küst zeréckgezunn. Bal hypnotesch sinn dem Tom Gatza seng Kompositiounen um Piano an op der Batterie an enger Mëschung aus Neoklassik, Jazz a Post-Rock.

All Reitz Reserved (Violin Electronica, LU) um 20:30 Auer: De ganz spezielle Stil deen dem Chris Reitz seng Musek ausmëscht fënnt seng Wuerzelen am Ambient- souwéi am Elektronik-Genre, mä och am 90er Trip-Hop an am Deep House. Als Fan vu verdreemten a faarwege Klangwelten, kombinéiert de Kënschtler syntheetesch an organesch Kläng. Geleet vun der Iwwerzeegung, dass Live-Musek Raum fir ze Ootmen, fir ze Wuessen – spréch fir sech ze entwéckelen – braucht, ass Improvisatioun e wichtege Facteur am Chris Reitz senge Live-Optrëtter.

Weider Informatiounen

De Festival GARDEN SOUNDS fënnt och dëst Joer am Jardin de Wiltz (Gruberbeerig 8) statt. Ticketen ginn et am Virverkaf fir jeeweils 14,00 €, un der Oweskeess bedréit de Präis 16,00 € (< 26 Joer: Virverkaf 7,00 €, Oweskeess 9,00 €). Mam Kulturpass kascht den Entrée just 1,50 €.

Organiséiert gëtt dës flott Rei vu COOPERATIONS, eng soziokulturell Entreprise vu Wolz, déi och de Festival de Wiltz an d’Nuit des Lampions méiglech mécht – zesumme mam Kulturzenter Prabbeli.

Weider Informatioune ginn et op www.prabbeli.lu.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Tom Gatza; All Retz Reserved © Sam Flammang

Related topics All Reitz Reserved, Concert, Festival, Garden Sounds 2021, Musek, Tom Gatza
Next post Previous post