Search

You may also like

Internationale Child Helpline Dag: Kee gëtt eleng gelooss!
Kultur Neiegkeeten

Internationale Child Helpline Dag: Kee gëtt eleng gelooss!

Haut um 17. Mee 2021 fënnt den internationale Child Helpline

Sozialwahlen 2019: OGBL erfëllt d‘Erwaardungen net an d‘ALEBA kritt d‘Kéier
Kultur Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: OGBL erfëllt d‘Erwaardungen net an d‘ALEBA kritt d‘Kéier

Wann een op den éischte Bléck unhuele sollt, datt am

Net a mengem Numm! Nee zu der Sklaverei !
Kultur Neiegkeeten

Net a mengem Numm! Nee zu der Sklaverei !

Um Mëttwoch hat d‘KPL zu enger Manifestatioun op der Clairefontaine-Plaz

GARDEN SOUNDS – Kultur zu Wolz erliewen!

GARDEN SOUNDS – Kultur zu Wolz erliewen!

Vum 29. August bis de 26. September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng fantastesch Rei un Evenementer am Gaart zu Wolz gebueden. Vu Concerten, iwwert Liesungen, bis hin zu Atelieren lackelt déi räichhalteg Offer Kleng a Grouss an den Norde vu Lëtzebuerg!

Ëmgi vu Planzen, Terrassen, Skulpturen a Beem bitt dës moleresch Plaz, déi ënnert anerem och d’Magie vun der bekannter Nuit des Lampions afänkt, den ideale Kader, fir Kultur z’erliewen. Virun an no den Evenementer gitt Dir an der Bar empfaangen. Mat engem Zelt gouf dofir gesuergt, datt d’Erliefnisser bei all Wieder stattfanne kënnen.

Duerch déi aktuell sanitär Kris muss d’Sëtzplaz am viraus reservéiert ginn. Et gëllen déi bekannt Sécherheets- an Hygiènesmesuren.

De Programm

  • Remo Cavallini Trio (LU)
    Den 29. August 20202 um 20:00 Auer
    Als Blues-Museker huet de Gittarist a Songwriter Remo Cavallini sech een Numm an der Lëtzebuerger Zeen gemaach. Inspiratioun kritt hien duerch divers Stiler, wéi Rock, Jazz oder och Funk. D’Fanger un der Gittar beweege sech nom Afloss vum Jimi Hendrix, Stevie Ray Vaughan oder B.B. King.
    Mam Remo Cavallini, Sänger a Gittarist, stinn och nach de René Macri um Bass a bei de Backing Vocals, sou wéi de Jeff Herr op der Battrie op der Bühn.


  • Maxime Bender «Universal Sky» (LU/FR)
    De 5. September 2020 um 20:00 Auer
    De franséisch-Lëtzebuerger Projet „Universal Sky“ vum Saxphonist Maxime Bender soll d’Grenzen duerch d’Emotioune vun der Musek verschwanne loossen. Déi véier Member vum Grupp engagéiere sech scho säit Laangem bei diverse musikalesche Projeten ueschtert d’Land an hunn esou eng villfälteg Palett un Erfarung gesammelt.
    Op der Bühn stinn de Maxime Bender (Saxophon), de Vitaliy Zolotov (Gittar), de Jean-Yves Jung (Uergel) an de Jérôme Klein (Battrie).


  • Zu Wooltz gëtt geraibert – Workshop fir Kanner vu 6-10 Joer
    Den 12. September 2020 vu 14:00 bis 16:30 Auer, mat Ofschlossconcert um 16:00 Auer
    Mir huelen déi Kleng mat op eng spannend Entdeckungsrees duerch Wooltz, wou och vill zesumme gesonge gëtt. Mat engem ofwiesslungsräiche Museksprogramm aus dem Beräich Rock/Pop presentéieren déi kleng Sänger a Sängerinnen um Enn vun hirer Rees en Ofschlossconcert fir hier Famill a Frënn.
    An Zesummenaarbecht mam Prabbeli invitéieren den Institut Européen de Chant Choral Luxembourg an de Service National de la Jeunesse d’Kanner op eng musikalesch Schatzrees! D’Marie Weis an d’Anne Koch huelen déi Kleng op eng spannend Entdeckungsrees duerch Wooltz mat, wou och vill zesumme gesonge gëtt. Mat engem ofwiesslungsräiche Museksprogramm aus dem Beräich Rock/Pop presentéieren déi kleng Sängerinnen a Sänger um Enn vun hirer Rees en Ofschlossconcert am Jardin de Wiltz fir hier Famill a Frënn.
    De Workshop an den Ofschlossconcert fanne bausse statt, mee fir de Fall dass et reent, steet een Zelt bereet.

    • Informatiounen an Umeldungen (fir de Workshop a fir den Ofschlossconcert): info@cooperations.lu / +352-959205-1
    • Treffpunkt a Start vun der Wanderung: Prabbeli – Centre socioculturel régional Wiltz, 8 Gruberbeerig, L-9538 Wiltz
    • Alter: 6-10 Joer
    • Participatioun: 5 € pro Kand fir de Workshop, Ofschlossconcert gratis
    • Zesummenaarbecht: INECC – Institut Européen de Chant Choral Luxembourg, SNJ – Service National de la Jeunesse, Prabbeli Wiltz

  • Räpzodi (LU)
    Den 19. September 2020 um 20:00 Auer
    Akusteschen Hip-Hop op Lëtzebuergesch: Räpzodi, dat ass Rap an Zodi, also Schwätzgesang a Kaméidi.
    Zesumme mam Tommek (Gesang). luk. (Gittar/Gesang). Skinny J (Gittar/Gesang). Turnup Tun (Piano/Gesang). Maddy (Bass/Gesang). Ragga (Drums/Gesang).


  • Modestine Ekete
    De 25. September 2020 um 20:00 Auer
    Esou entsteet eng Bréck tëscht Afrika an Europa. Mam Modestine Ekete fusionéiere verschiddenst Genren, wärenddeem d’Gemeinschaft aus Kamerun zu Lëtzebuerg representéiert gëtt. Virgestallt gëtt der Musikerin hiren éischten Album „Zing Ndada“, wat vum Yemba iwwersat „Schrëtt fir Schrëtt“ bedeit.
    Zënter 2005 lieft d’Modestine Ekete am Groussherzogtum a freet sech Iech op eng Rees duerch déi kulturell Diversitéit mathuelen ze dierfen. Faarweg Kläng, gemëscht mam Afrobeat a Kollaboratioune mat verschidden Artisten loossen ee richtege Bijou entstoen.
    Zesumme mam Modestine Ekete (Gesang, Flutt, Gittar, Sanza a Maracas), Fred Hormain (Saxophon), Merveil Doussiema (Piano), Fabrice Richard (Perkussioun), Patrick Temfack (Bass) a Anna Savje (Chouer).


  • Literatur & Musek
    De 26. September 2020 um 19:00 Auer
    D‘Auteuren Tullio Forgiarini a Marzel Maraite liesen aus hire Romaner an d’Anouk Schreiner, Gewënnerin vum Schreiwcontest „Young Voices“ vun der Université du Luxembourg a Black Fountain Press, liest eis seng Texter vir. Musikalesch begleed gi si vum Maxime Desert.
    An Zesummenaarbecht mat der Amicale LNW an der WELUBI Weeltzer Ludo Bibliothéik.

Garden Sounds

Weider Informatiounen

D’Evenementer am Kader vu GARDEN SOUNDS ginn organiséiert vum Prabbeli a fannen am Gaart zu Wolz statt.

Ticketen ginn et fir 10 €, respektiv 5 € fir ënnert 26 Järeger. Mam Kulturpass kascht de Spaass souguer just 1,50 €. D’Sëtzplazreservatioun ass obligatoresch.

Weider Detailer fannt Dir op www.prabbeli.lu.

Related topics Concert, Garden Sounds, Jardin de Wiltz, Maxime Bender, Modestine Ekete, Prabbeli, Räpzodi, Remo Cavallini, Reservatioun, Ticket, Universal Sky, Wolz, Workshop, Zu Wooltz gëtt geraibert
Next post Previous post