Lëtzebuerg a Staatstrauer bis zum 4. Mee!
Nom Dout vum Grand-Duc Jean huet sech d’Regierung gëschter, ënnert
Nom Dout vum Grand-Duc Jean huet sech d’Regierung gëschter, ënnert
Gëschter ass zu Steesel een neien offizielle Rekord vun der
Zënter 1991 gëtt den internationalen Dag vun der Hiewan all
Vun Jazz, iwwert Rock a Pop bis eriwwer zum Blues, ma och duerch Liesungen a Workshops kënnt wuel jiddereen op seng Käschten. An och wann d’Evenementer dobausse stattfannen, esou muss ee bei schlechtem Wieder net fäerten. Getrei dem Motto „Kultur an der Natur“ wäerten d’Evenementer dank engem Zeltdach och bei Reen stattfanne kënnen.
4. Abrëll 2021 ab 19:00 Auer (SOLD OUT)
Wolf & Moon (DE) + The Tame and the Wild LU)
Stil: Indie-Folk-Concert
1. Mee 2021 um 14:00 Auer
Zu Wooltz gëtt geraibert
Stil: Workshop fir Kanner
1. Mee 2021 um 15:00 Auer
Arthur Possing Quartet (LU)
Stil: Jazz Concert
8. Mee 2021 ab 19:00 Auer
Tom Gatza (DE) + All Reitz Reserved (LU)
Stil: Neoklassesche Concert, elektronesch Violin
14. Mee 2021
Jemp Schuster: Blutsëffer an Ouereschlëffer (LU)
Stil: Liesung
15. Mee 2021 um 19:00 Auer
Pascal Schumacher (LU)
Stil: Neoklasseschen Jazz- an Ambient-Concert
22. Mee 2021 ab 19:00 Auer
Kid Colling Cartel (LU)
Blues Concert
5. Juni 2021 ab 19:00 Auer
Hannah Ida (LU) + Claudine Muno Trio (LU)
Stil: Folk-Concert
11. Juni 2021 ab 19:00 Auer
Poetry Slam de Lux’11
Stil: Poetry Slam (LU)
12. Juni 2021 ab 19:00 Auer
Don Piano (LU)
Stil: Urban, Soul-Concert
De Festival GARDEN SOUNDS fënnt och dëst Joer am Jardin de Wiltz (Gruberbeerig 8) statt. Ticketen ginn et am Virverkaf fir jeeweils 14,00 €, un der Oweskeess bedréit de Präis 16,00 € (< 26 Joer: Virverkaf 7,00 €, Oweskeess 9,00 €). Mam Kulturpass kascht den Entrée just 1,50 €.
Organiséiert gëtt dës flott Rei vu COOPERATIONS, eng soziokulturell Entreprise vu Wolz, déi och de Festival de Wiltz an d’Nuit des Lampions méiglech mécht – zesumme mam Kulturzenter Prabbeli.
Weider Informatioune ginn et op www.prabbeli.lu.