Search

You may also like

Piraterie am persesche Golf
Kultur Neiegkeeten

Piraterie am persesche Golf

D‘Lag am persesche Golf schéngt sech vun Dag zu Dag

25 Joer Schengen-Raum: Wa Fräiheete bedreet sinn
Kultur Neiegkeeten

25 Joer Schengen-Raum: Wa Fräiheete bedreet sinn

Mir schreiwen de 26. Mäerz 1995. Viru 25 Joer, ganzer

Editorial: wann der de Schnéi Angscht mécht bleif vun der Strooss!
Kultur Neiegkeeten

Editorial: wann der de Schnéi Angscht mécht bleif vun der Strooss!

Et gëtt Mënschen, deenen een och mam allergréisste Versteesdemech net

GARDEN SOUNDS mat Literatur & Musek um 26. September

GARDEN SOUNDS mat Literatur & Musek um 26. September

Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng fantastesch Rei un Evenementer am Gaart zu Wolz gebueden. De Samschdeg, de 26. September 2020 steet ganz am Zeeche vun der Literatur, déi duerch musikalesch Begleedung perfekt ënnerstëtzt gëtt.

D‘Auteuren Tullio Forgiarini a Marzel Maraite liesen aus hire Romaner an d’Anouk Schreiner, Gewënnerin vum Schreiwcontest „Young Voices“ vun der Université du Luxembourg a Black Fountain Press, liest eis seng Texter vir. Musikalesch begleed gi si vum Maxime Desert.

An Zesummenaarbecht mat der Amicale LNW an der WELUBI Weeltzer Ludo Bibliothéik.

Garden Sounds

Weider Informatiounen

Duerch déi aktuell sanitär Kris gëllen déi bekannt Sécherheets- an Hygiènesmesuren.

Ticketen ginn et fir 10 €, respektiv 5 € fir ënnert 26 Järeger. Mam Kulturpass kascht de Spaass souguer just 1,50 €. D’Sëtzplazreservatioun ass obligatoresch.

Weider Detailer fannt Dir op www.prabbeli.lu.

Related topics Anouk Schreiner, Festival, Garden Sounds, Jardin de Wiltz, Literatur, Marzel Maraite, Maxime Desert, Musék, Roman, Schreiwcontest, Tullio Forgiarini, Wolz, Young Voices
Next post Previous post