Search

You may also like

De Stater Bierger a seng „Léift“ zum Garer Quartier
Kultur Neiegkeeten

De Stater Bierger a seng „Léift“ zum Garer Quartier

Wann et gutt a wichteg ass, datt déi politesch verantwortlech

HIV: D’Zuel un neien Infektioune geet erof!
Kultur Neiegkeeten

HIV: D’Zuel un neien Infektioune geet erof!

Am Joer 2018 ass den neien nationalen Aktiounsplang zum HI-Virus

Kulturell Mediatioun – Eng Formatioun fir sozial Integratioun a Kohäsioun
Kultur Neiegkeeten

Kulturell Mediatioun – Eng Formatioun fir sozial Integratioun a Kohäsioun

Ab Oktober 2021 wäert zu Lëtzebuerg déi nei Formatioun an

GARDEN SOUNDS mam Remo Cavallini Trio um 29. August

GARDEN SOUNDS mam Remo Cavallini Trio um 29. August

Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng fantastesch Rei un Evenementer am Gaart zu Wolz gebueden. Den Optakt mécht um nächste Samschdeg, den 29. August de Remo Cavallini Trio.

Als Blues-Museker huet de Gittarist a Songwriter Remo Cavallini sech een Numm an der Lëtzebuerger Zeen gemaach. Inspiratioun kritt hien duerch divers Stiler, wéi Rock, Jazz oder och Funk. D’Fanger un der Gittar beweege sech nom Afloss vum Jimi Hendrix, Stevie Ray Vaughan oder B.B. King.

Mam Remo Cavallini, Sänger a Gittarist, stinn och nach de René Macri um Bass a bei de Backing Vocals, sou wéi de Jeff Herr op der Battrie op der Bühn.

Garden Sounds

Weider Informatiounen

Duerch déi aktuell sanitär Kris gëllen déi bekannt Sécherheets- an Hygiènesmesuren.

Ticketen ginn et fir 10 €, respektiv 5 € fir ënnert 26 Järeger. Mam Kulturpass kascht de Spaass souguer just 1,50 €. D’Sëtzplazreservatioun ass obligatoresch.

Weider Detailer fannt Dir op www.prabbeli.lu.

Related topics Blues, Concert, Festival, Garden Sounds, Jardin de Wiltz, Kultur, Musék, Prabbeli, Remo Cavallini, Wolz
Next post Previous post