Search

You may also like

MSC: Europa an d‘USA mat géigesätzlechen Usiichten
Neiegkeeten Stories

MSC: Europa an d‘USA mat géigesätzlechen Usiichten

Ob der Münchener Sécherheetskonferenz (MSC) hu sech déi grouss Demokrate

Präis Hëllef fir d’Natur 2020: Wéi YFCL d’Ministere getouft huet
Neiegkeeten Stories

Präis Hëllef fir d’Natur 2020: Wéi YFCL d’Ministere getouft huet

Gëschter Owend ass am Stater Naturmusée an am ganz klenge

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas
Neiegkeeten Stories

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas

Laut Studie vu Médecins sans Frontières (MSF) sollen am Myanmar

Et soll iwwert de Gardiennage legiferéiert ginn

Et soll iwwert de Gardiennage legiferéiert ginn

Datt et bezunn op d‘Aktivitéite vun de private Sécherheetsentreprise schonn zanter Jore méi oder wéineger „Diskussiounen“ huet, ass duerch den eesäitegen Asaz vu „schwaarzer Sheriffer“, am Kontext vun der Sécherung vum Garer Quartier an der Uewerstad duerch d‘Stad Lëtzebuerg, nees zum Politikum erugewuess. Den Ament ginn dës Aktivitéiten duerch d‘Gesetz vun 2002 gereegelt.

An dësem si véier Aktivitéiten opgelëscht, déi vu private Sécherheetsentreprisen ugebuede ginn: 1) d‘Bewaache vu Gidder a Gebaier; 2) d‘Gestioun vun Alarmzentralen; 3) den Transport vu Geld a Wäertsaachen; 4) de Persouneschutz. An de leschten 18 Joer awer sinn eng ganz Rei u weideren Déngschtleeschtungen (net vum Gesetz gedeckt) derbäi komm ouni dat ee sech du gestéiert hätt.

Et waren d‘Piraten déi dëse Punkt wollte gekläert gesinn, firwat d‘Membere vun de Kommissioune Justiz a bannenzeg Sécherheet, de 7. Januar eng Entrevue mat den zoustännege Ministeren: Sam Tanson an Henri Kox (allebéid déi gréng) haten. D‘Sam Tanson huet hei dann och emol aleedend festgestallt, datt een unhand de rezenten Entwécklungen, dëst Gesetz muss op de leescht huelen.

Interessant de Constat vun der Ministesch, déi laang am Stater Gemengen- a Schäfferot siegéiert huet, an där also scho länger bekannt ass, datt privat Sécherheetsentreprise ëmmer méi massiv zur Sécherung vun ëffentlechen Evenementer (Rock um Knuedler, Schueberfouer, asw.) agesat ginn, ouni datt et dofir eng valabel Rechtsgrondlag géif ginn. Et huet sech jo och keen dru gestéiert…

Bei den Nopere kucken

Wärend ee sech am Kontext vun der Covid19-Pandemie léiwer op dat eegent Bauchgefill verléisst, wann et drëms geet „Mesuren ze ergräifen“, esou zéien et déi gréng Ministere vir, sech vun den Texter aus der Belsch a Frankräich inspiréieren ze loossen. Dat ass och eng Revendicatioun vum Beruffsverband an deem, virun allem dubiéis Franséisch a Belsch „Entreprise“ vertruede sinn.

Déi hunn e grousse finanziellen Interessi dorunner, wesentlech méi Befugnisser ze kréien an sinn déi eigentlech Profiteure vun de Rekrutementsproblemer vun eiser Police. Esou verwonnert et net, datt eng vun de wichtege Froe bei dëser Entrevue: „Wéi eng Legitimitéit fir d‘Surveillance vum ëffentleche Raum duerch privat Sécherheetsentreprisen?“ huet enger Äntwert zougefouert ginn.

Gewosst ass, datt weder Kox nach Tanson drop bestinn, datt „dat“ exklusiv der Police soll musse virbehale bleiwen. D‘Privatiséierung vum Gewaltmonopol, dat besonnesch fir auslännesch, oder zumindest aus dem Ausland dirigéiert Entreprisen, kéint allerdéngs déi national Sécherheet a Fro stellen, wat verdäitlecht wéi wichteg et ass ze legiferéieren. Aus der Entrevue geet dat net ervir.

Argumenter…

Bei der Entrevue huet sech de Minister fir bannenzeg Sécherheet op dat vun der Stad Lëtzebuerg wichtegst Argument zum Asaz vun de schwaarze Sheriffer bezunn: den Drogenhandel, déi dëse begleedent Kriminalitéit an dat dorausser resultéierend Onsécherheetsgefill vun de Residenten. Hei erkläert den Henri Kox, datt d‘Police méi Presenz am Drogemilieu weist, dat awer net duer geet.

Zudeem, esou de Minister, mussen an dësem Kontext och aner Moossnamen envisagéiert ginn: et geet ëm Preventioun an de sozialen Encadrement vun den Drogenofhängegen an den Dealer (Am ugeschwate Quartier oft iergendwéi datselwecht). D‘Repressioun eleng géif de Problem jo elo och net an de Grëff kréien, heescht et säitens dem Minister. Dat dierft zanter den 80er Joren erwise sinn.

Wat elo de Mangel u Poliziste betrëfft, esou denkt den Duo Tanson/Kox un „Alternativen“ a Form vun Iwwerwaachungskameraen (VISUPOL). Hei mécht d‘Generalinspektioun aktuell eng Etüd bezunn op d‘Effikassitéit vun dëser Technologie. Anersäits kéint een och d‘Kompetenze vun de sougenannte Pecherten (kommunal Agenten) erweideren. Och dofir bréicht et dann ee Gesetz…

Illustratioun: Pixabay

Related topics Gardiennage, Henri Kox, privat Sécherheetsentreprisen, Sam Tanson, schwaarz Sheriffer
Next post Previous post