Search

You may also like

Alles rullt: Den elektresche Vël’OK begeeschtert de Süden
Neiegkeeten

Alles rullt: Den elektresche Vël’OK begeeschtert de Süden

Um haitege Moien ass tëscht den Héichiewen um Belval den

Vereedegung vun 10 Korporalen bei der Arméi
Neiegkeeten

Vereedegung vun 10 Korporalen bei der Arméi

Gëschter huet de Colonel Yves Kalmes, Commandat am Militärzentrum, 10

Wahlen an Éisträich: ÖVP erwaart victoriéis
Neiegkeeten

Wahlen an Éisträich: ÖVP erwaart victoriéis

Dem Sebastian Kurz seng ÖVP geet mat gutt 38%, däitlech

De Maître Gaston Vogel ass veriergert

En Affekot a seng pointéiert Analys vun de Problemer mat der neier Mobilitéit

De Maître Gaston Vogel ass veriergert

A sengem Blog „Gaston Vogel Online“ huet eng vun de bedeitendste Figure vum Lëtzebuerger Barreau – deen zuweilen och kritesch mat der Lëtzebuerger an deels auslännescher Press ëmzegoe weess – sech un den Transportminister François Bausch (déi gréng) adresséiert, well et do ee Problem mat der neier Mobilitéit gëtt, déi guer net esou „Douce“ ass, wéi allgemeng duergestallt.

Esou verweist den Affekot, deen net méi gewëllt ass seng Kommentaren an de Fore vu Bertelsmann a Konsorten ze hannerloossen, op de schlechten an deels geféierleche Gebrauch vun den neien Instrumenter, déi eng falsch verstanen douce Mobilitéit zur Gefor fir Léif a Séil maachen. „Gréng“ villäicht, geféierlech mat Sécherheet, esou dem Gaston Vogel seng Siicht op de Mëssbrauch vun den elektreschen Trottinetten an änlech net identifizéierbar Gerätschaften op eisen Trottoiren…

Hie beschwéiert sech – net wierklech zu Onrecht- -datt dës „Gefierer“ tëscht de Leit Slalom fueren, ouni sech der Gefor bewosst ze sinn, déi si fir d‘Foussgänger duerstellen. Si géife wéi Dabo op den Trottoire rennen, ee Zens-Unique a rout Luuchte wiere fir déi aner… Et géif fir dës Mënsche keng Verbueter an eng Assurance hätten se och net. Si wiere quasi „souverän“ am ëffentleche Raum.

Gaston

Esou eng Trottinett muss net zwéngend en Elektromoto hunn, fir um Trottoir zur Gefor fir d‘Foussgänger ze ginn. © Nicolas I / unsplash

Et wier ee Skandal, de Spektakel vun den NII (Net Identifizéierten Individuen) mussen ze erdroen, déi an allen Altersklasse wéi vun der bei gestach eng eescht ze huele Gefor duerstellen. Natierlech ass – esou de Maître Gaston Vogel – ni ee Polizist zur Hand, deen dësem Dreiwen en Enn géif bereeden an, do et wou ubruecht wier, dat och mat engem Protokoll kéint däitlech maachen. Hien ass veriergert doriwwer, datt de Minister dës Situatioun ze toleréiere schéngt a gëtt däitlech.

„Dir hutt Onrecht dës schäiss Situatioun am Numm vun ären ekologeschen Obsessiounen ze toleréieren. Wéini gëtt et endlech ee Gesetzestext fir dësen alldeeglechen Albdram ze reglementéieren? Enges daags, wann et zu engem schlëmmen Accident kënnt, wäert ech iech dat virhalen“, esou de Maître Gaston Vogel. Op de Minister op dës Doleance ageet? Affär à suivre…

Illustratioun: Ouni Helm an ouni Versécherung… eigentlech ass et egal wou d‘Benotzer vun dëse Gefierer sech an anerer a Gefor bréngen. E Gesetz dat de Gebrauch géif reglementéiere gëtt et hei net an dat veriergert eng Ikon vum Lëtzebuerger Barreau. © Marek Rucinski / unsplash

Related topics Affekot, Douce Mobilitéit, Elektromobilitéit, François Bausch, Gaston Vogel, Gefor, Reglementéierung
Next post Previous post