Gesond Ernierung beim Bëbee: Bräi oder Stéckelcher? Muert oder Apel?
Déi nei Online-Broschüre “Gesunde Ernährung im ersten Lebensjahr” begleet d’Elteren
Déi nei Online-Broschüre “Gesunde Ernährung im ersten Lebensjahr” begleet d’Elteren
Um Samschdeg soll et entspriechend sech iwwerschneidende Berichter vu béide
Zanter dem 7. Abrëll ass et dem Konsument nees vergënnt, zumindest op enger Terrass vum Bistro an/oder dem Restaurant, sech eppes gastronomesch Fräiheeten ze gënnen. Datt d‘Ouverture vum Horesca-Secteur wuel nëmme partiell ass, an et sollt – aus wirtschaftleche Grënn – gutt iwwerluecht sinn, well et net zweckméisseg ass, just aus Loscht un der Freed ee Verloschtgeschäft ze maachen.
An dann ass jo do nach d‘Wieder, dat zumindest all de Waarmduscher d‘Loscht op en Tête-à-tête – méi dierfen der, ausser se sinn aus dem selwechte Menage, jo net un engem Dësch sëtzen – an der Keelt an dem Reen dierft geholl hunn. Mee no esou enger laanger Zäit vun der Entbierung, huet de Lëtzebuerger nees Loscht op ee Patt, an do kann een da jo op d‘Wieder keng Récksiicht huelen.
Zudeem, an dat wousste schonn Dicks a Lenz: et geet kee schlecht Wieder, et huet just schlecht oder onpassend Kleedung. U Kleedung feelt am Lëtzebuerger Land bekanntlech net, an esou waren déi Terrassen déi ophaten dann och „besicht“. Mutz oder Pelzekap, Wantermantel oder Schimontur, de Lëtzebuerger huet verënnerlecht, datt et net op de Look, mee op de Patt a Frëndschaft ukënnt…
No 13 Méint, wou ee vu Verbuet zu Verbuet, vu Restriktioun zu Aschränkung a vu Perspektiv zu Hoffnung gefouert gouf, eppes Gedold opbréngen an zumindest op méi erdréiglech Temperature waarden, war verständlecherweis villen net méiglech. A wann ee scho soss näischt dierf, da mécht eben dat wat erlaabt ass. Dobäi ass et absolutt onerhieflech op et Sënn mécht, dat ass Fräiheet.
Illustratioun: © Erik Witsoe / unsplash