Search

You may also like

Och Ambassaden hu sech un d‘Aarbechtsrecht ze halen
Neiegkeeten

Och Ambassaden hu sech un d‘Aarbechtsrecht ze halen

Den 3. Februar ass um Geriicht d‘Uerteel an der Saach

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul
Neiegkeeten

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul

Um Mëttwoch war de Virwëtz an der Lallenger Primärschoul grouss.

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!

De Grand-Duché krut een neie Feierdag bäi, an zwar um

D’Groussherzogin Maria Teresa huet Gebuertsdag!

D’Groussherzogin Maria Teresa huet Gebuertsdag!

S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa feiert um haitegen Dag hire 65. Gebuertsdag. Als eent vu véier Kanner vum Här José Antonio Mestre an dem Maria Teresa Batista-Falla de Mestre ass si um 22. Mäerz 1956 zu Havanna (Kuba) op d’Welt komm.

Mat hirer Associatioun Stand Speak Rise Up!, déi am Joer 2019 gegrënnt gouf, beweist eis Groussherzogin weider groussen Engagement fir Fraen an Nout. Zuelräich humanitär Reesen a sozial Asätz am Ausland, sinn deem viraus gaangen a stinn och nach ëmmer am Virdergrond, woufir si ënnert anerem mam Steiger Award (2009) ausgezeechent gouf.

Donieft huet si d’Presidence vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, iwwerhëlt den Haut-Patronage vu beispillsweis dem Lëtzebuerger Roude Kräiz an der Fondation Cancer an ënnerstëtzt och d’Vodafone Fondatioun Luxembourg, sou wéi d’Asbl Femmes en Détresse.

Zu hiren Interessen gehéieren d’Literatur an d’Konscht, sou wéi och d’Musek. Zënter datt si Groussmamm vu véier Enkelen an enger Enkelin ass, stinn och Aktivitéite mat der Famill ganz wäit uewen op der Lëscht vun hire Liiblingsbeschäftegungen.

Engem schéine Gebuertsdag steet do wuel näischt méi an de Féiss. D’Redaktioun wënscht alles Guddes!

Opmaacherbild: © Collection privée / Jacques Schneider

Related topics 65. Joer, Alles Guddes, Gebuertsdag, Gewalt géint Fraen, Groussherzogin Maria Teresa, humanitär Hëllef, Stand Speak Rise Up
Next post Previous post