Search

You may also like

Et gëtt nees Cremant an der Chamber
Meenung Neiegkeeten

Et gëtt nees Cremant an der Chamber

Beim traditionellen Neijoerschdagsempfang um Krautmaart huet de Chamberpresident Fernand Etgen

Kongress déi lénk: Bereet de Wahlkampf unzegoen
Meenung Neiegkeeten

Kongress déi lénk: Bereet de Wahlkampf unzegoen

Op hirem Nationalkongress zu Rolleng huet déi lénk de Bilan

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Mamer?
Meenung Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Mamer?

[onionbuzz quiz-id=181][/onionbuzz] Mamer huet eng immens laang a räich Geschicht.

Gaascht-Editorial: Gedanken op Chrëschtdag…

...déi net ëmmer einfach sinn

Gaascht-Editorial: Gedanken op Chrëschtdag…

Keen huet mer gesot, datt haut Chrëschtdag ass. Wann ech de Mueren, dem Här vum Haff seng Ried net héieren hätt, wär Haut fir mech, een Dag gewiescht wéi déi aner Deeg och! Wéi de Grand-Duc Henri, d‘Bierger opgeruff huet, fir datt mer de Kapp net sollen hänke loossen! Hunn ech op d‘Pauszeeche gedréckt!

Duecht du kanns net an dengem Jogging, net gewäsch an net gekämmt an denger Fotell hannert der Fënster sëtzen an eisem Grand-Duc seng Ried nolauschteren. Wéi ech gebigelt a gestrigelt war, hunn ech mech esou hallef an de Garde-à-Vous virun d‘Tëlee gestallt. D‘Televisioun nees ageschalt, an hunn mat groussem Respekt  dem Här vum Haff nogelauschtert!

Dat wat den Grand- Duc Henri gesot huet, war gutt gesot! Hien huet versicht de Bierger, Mutt ze maachen. Och seng Groussmamm Charlotte hat am 2. Weltkrich vun Amerika aus, d‘Lëtzebuerger opgemontert fir de Preisen d‘Stier ze bidden! Dono hunn déi éischt Lëtzebuerger, hir Käpp verluer!

Natierlech war dat een anere Krich, wéi dee Krich wou Lëtzebuerg haut mam Coronavirus féiert! An dësem Krich hu scho vill Leit hiert Liewe verluer, an vill vun Hinnen déi mam Coronavirus infizéierte goufen, bleiwen invalide!

Ech fänken un, onroueg ze ginn, mäi Mo knoutert! Muss meng Zopp kachen! Wann ech gewosst hätt, dat Haut Chrëschtdag wär, hätt ech fir mäi Mëttegiessen: „Nuddele mat zwee Spigeleeër, an engem gudde Schnatt Botter drop“, gemaach! Wëll ech, wéi ëmmer och fir Chrëschtdag eleng sinn, stéiert et kee wann ech beim Iesse vu menger Zopp, schluppen!

Haut soll een d‘Schluppe vermeiden! Et sinn schéin Erënnerungen u Fréier! Wa mer doheem zu Siwen um Mëttesdësch, eis Zopp geschluppt hunn! Et war wéi een Sonndegconcert! Wëll mir ëmmer ëm Chrëschtdag geschluecht hunn, gouf et no der Zopp, fir de Mo ze stäipen nach een Teller voll Gehäecks!

An den Dag virdrun, wa mer aus de Mette koumen, gouf et Träip an d‘Schmier vun engem fënnef-pënnege Brout! Bevir d’Brout opgeschnidde gouf, huet d‘Groussmamm mam Messer ee Kräiz drop geritzt! Déi Schmelzer, sinn ëmmer op Wuelmereng (Volmerange-les-Mines) an d‘Mëtte gaangen!

Um Wee fir Heem hat esou munch Biedquisel, eng kleng am Kanelli! An d‘Kierch vu Wuelmereng net vu banne gesinn! D‘Douanieren hunn an dëser Nuecht duerch Fangere gekuckt a net esou streng douanéiert!

Saluti, an ee schéint Chrëschtdag! Elo, muss meng Zopp kachen! Bis déi nächst Ried vun eisem Grand-Duc Henri! Gréiss mer ons Grande-Duchesse Maria Theresa an de Charel!

Eis Monarchie ass Haut eppes, wéi een hallwen Apel, wou een Gehäis mat de Kären eraus geschnidden huet! Aus Respekt, wollt ech net vun engem Äppelbatz schwätzen. Esou laang wéi Lëtzebuerg eng Monarchie huet, solle mir se respektéieren! Oder d‘Bierger froen, op si fir eng Republik sech entscheeden…

Saluti

vum Jean Bodry

Illustratioun: Mana5280 / unsplash

De Jean Bodry ass ee Lëtzebuerger Blogger, dee seng Gedanke fräie Laf léisst. Den Diddelenger gehéiert wuel zu den „eeleren“ mee huet nach ëmmer eng Lass.

Related topics Covid19-Pandemie, Gedanken zu Chrëschtdag, Jean Bodry, Ried vum Groussherzog, Sanitär Kris
Next post Previous post