Search

You may also like

dislike
Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck
Neiegkeeten

Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck

Malta huet um Sonndeg säi Refus confirméiert e Schëff, vun

18 järegt Affer stierft no Messerpickerei
Neiegkeeten

18 järegt Affer stierft no Messerpickerei

Am Quartier Bouneweg gouf um Dënschdegowend ee jonke Mann vun

Wéinst dem Hurrikan Dorian rifft Florida den Noutstand aus
Neiegkeeten

Wéinst dem Hurrikan Dorian rifft Florida den Noutstand aus

Et kënnt eppes op d‘Ostküst Florida duer: Den nationalen Hurrikanzenter

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral

En Donneschdeg huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) eng Delegatioun vun der Bauerenzentral empfaangen. De ganz konstruktiven Echange huet sech mat de politeschen, nationalen an internationalen, Agrartheme beschäftegt.

De Minister Romain Schneider huet nach emol op d‘Wichtegkeet vun der Landwirtschaft als vollstännege Wirtschaftssecteur am Regierungsprogramm higewisen. Déi modern Landwirtschaft muss op den dräi Piliere vun der Wirtschaft: ekonomesch Liewensfäegkeet, ekologesch a sozial, foussen. Seng éischt Missioun bleift d‘Hierstellung vu Liewensmëttel.

„Mäin Zil ass et d‘Landwirtschaft an senger ganzer Diversitéit, konventionell a biologesch, am Partenariat mat allen Acteure vum Secteur ze stäerken. Et soll och den Image vun der Landwirtschaft proaktiv valoriséiert ginn. Lëtzebuerg stellt héichwäerteg Liewensmëttel hir“, erënnert de Minister, an ënnersträicht, datt d‘Promotioun vun de regionale Produite gestäerkt gëtt.

Eng weider grouss Erausfuerderung ass déi vun der Digitaliséierung vun der Landwirtschaft, an déi sëllechen Opportunitéiten déi mat den neien Technologien anhier ginn. Dank der administrativer Vereinfachung, sollen och d‘Prozedure fir d‘Bauere méi einfach, méi séier a méi performant ginn.

Foto: (v.l.n.r.) éischt Rei: Mme Apolline Hoffmann-Kohl, Här Marc Meiers, Här Romain Schneider (Landwirtschaftsminister), Här Marc Fisch (President vun der Bauerenzentral). Zweet Rei: Här André Loos (Premier Conseiller Landwirtschaftsministère), Här Marc Weyland (Direkter ASTA), Här Jeff Schroeder, Här Christian Wester, Här Charel Kayl, Mme Christiane Kayser, Här Joe Vrehen, Mme Nicole Lafleur, Här Pierre Treinen (Direkter SER) © MA

Related topics ASTA, Bauerenzentral, Landwirtschaftsministère, Marc Fisch, Romain Schneider, SER
Next post Previous post