Search

You may also like

#Relay@Home – D‘Fondation Cancer mat engem hoffnungsvolle Message
Neiegkeeten

#Relay@Home – D‘Fondation Cancer mat engem hoffnungsvolle Message

De Evenement „Relais pour la Vie“ verfollegt een Objektiv: de

Giel Gileten Akt XXII: Roueg zu Paräis, Gewalttäteg zu Toulouse
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXII: Roueg zu Paräis, Gewalttäteg zu Toulouse

Fir den 22. Samschdeg a folleg huet de Mouvement vun

Jidderengem säi Satellitt: Et gëtt vill Gedrécks un der Himmelsdier
Neiegkeeten

Jidderengem säi Satellitt: Et gëtt vill Gedrécks un der Himmelsdier

E Freidegmoien um véierel vir sechs, start a Florida op

Alt nees Gedeessems mat der CDCL

OGBL veriergert wëll nees eng Baufirma seng Engagementer géintiwwer de Salariéeën net anhält

Alt nees Gedeessems mat der CDCL

Et gëtt Patronen an Entreprisen, bei deenen een es sech net midd gëtt sech ze verwonneren: esou dann och d‘Baufirma CDCL, déi aus eegene Stécker bei der Personaldelegatioun ugefrot huet, de Kollektivcongé ëm eng Woch ze verlängeren. Dat war den 13. Juli an als Ursaach ass ee Problem mat der Organisatioun vun de Chantieren avancéiert ginn.

Streng geholl mussen esou Ofsprooche virum 31. Mäerz gemaach ginn, woubäi 2020 jo net dat ass wat een ee normaalt Joer nenne kann, an d‘Personaldelegatioun prinzipiell de konstruktiven Dialog fërdert. Déi huet dann och bereetwëlleg d‘Demande vun der CDCL-Direktioun – nodeems d‘Leit consultéiert goufen – ugeholl an ageplangt dës Woch an den nächste Méint nees eranzehuelen.

Eigentlech wier et domadder gedoe gewiescht an de konstruktive Sozialdialog hätt nees kënnen als Erfolleg duergestallt ginn. Leider kënnt et éischtens „anescht“, zweetens „wéi een denkt“. An esou hunn d‘Salariée vun der CDCL net schlecht gestaunt, wéi op hiren den 10. September ausgestallte Paiziedelen 20% vum Loun vum Mount August gefeelt hunn. Wisou a firwat ass séier erkläert:

Déi 20% entspriechen déi vun der Direktioun bei der Personaldelegatioun ugefrote Verlängerung vum Kollektivcongé. Datt ee sech dann awer bei der Personaldelegatioun an dem OGBL freet: „Geet et nach mam Geliits?“ ass och éischter verständlech. Zudeem spillt d‘Direktioun vu CDCL hei ee ganz knaschtegt Spill, a bréngt seng Salariéeë ganz bewosst a finanziell Schwieregkeeten.

Bewosst well trotz den Interventioune vun der Personaldelegatioun an dem OGBL, weigert sech d‘Direktioun vu CDCL de Recht vum geschëlte Loun auszebezuelen. Do ginn et dann elo och keng zwanzeg verschidden Ursaachen: entweder et huet bewosst wëlles ee Sozialkonflikt auszeléisen, fir emol ze kucken, wéi wäit een de Stopp dreiwe kann, oder d‘CDCL steet virun der Faillitte.

Well net dovunner auszegoen ass datt, nodeems sech d‘Direktioun jo mat der Personaldelegatioun am Bezuch op d‘Verlängerung vum Kollektivcongé arrangéiert kritt huet, de Management op Sträit aus ass, muss een dovunner ausgoen, datt déi finanziell Situatioun vun der Baufirma esou schlecht ass, datt d‘Banken d‘Ausbezuele vun de Paie verweigeren. Sti mir hei virun engem Sozialplang?

Illustratioun: © Ricardo Gomez Angel / unsplash

Related topics Bausecteur, CDCL, Faillitte, Kollektivcongé, OGBL, Personaldelegatioun, Sozialdialog, Wirtschaftskris
Next post Previous post