Search

You may also like

Chamber stëmmt mat grousser Majoritéit éischt Klimaschutzgesetz vu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Chamber stëmmt mat grousser Majoritéit éischt Klimaschutzgesetz vu Lëtzebuerg

Pünktlech zum 5. Gebuertsdag vum Paräisser Klimaschutzofkommes den 12.12.2020, huet Lëtzebuerg

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!

Et gëtt kee mannerwäertege Beruff. Et gi just Uerteeler vu

Simon „Dinkel“ – Net nëmme laachen ass gesond
Neiegkeeten

Simon „Dinkel“ – Net nëmme laachen ass gesond

Wéi wäertvoll d‘Brauerei Simon vu Wolz am Kontext vum industrielle

A Gedenken un déi verstuerwen Drogenofhängeg

A Gedenken un déi verstuerwen Drogenofhängeg

Um haitege Gedenkdag fir déi verstuerwenen Drogenofhängegen sti weltwäit déi Mënschen am Fokus, déi duerch d’Folge vun hirem Konsum hiert Liewe verluer hunn. Dobäi mussen et net ëmmer déi „haart“ an illegal Substanze sinn, déi uerg, jo souguer déidlech Konsequenzen mat sech bréngen.

Et kann aus Gruppenzwang an dem Wëllen dozou ze gehéieren ufänken, aus Verzweiwlung geschéien oder sech och onbemierkt vun engem niddregen op en héije Konsum steigeren. D’Sucht entsteet oft méi schnell wéi ee kucke kann, d’Ëmfeld kann oft just hëlleflos nokucken.

Zu Lëtzebuerg geet d’Zuel un Drogendoudeger ëmmer weider zeréck. Hu mir am Joer 2000 nach 26 Doudesaffer gezielt, esou waren et 8 Doudeger fir 2017 a 4 Doudeger fir 2018. Grond dofir wieren déi verschidden Hëllefsstrukturen a Preventiounszentren.

Ma, et gesäit awer net iwwerall esou aus. Weltwäit hätten am Joer 2017 ganzer 585.500 Mënschen hiert Liewe gelooss, wou den Dout a Verbindung mat Droge stoung. Anescht gesot: Een Doudegen all 54 Sekonnen. Dëst geet aus dem „World Drug Report 2019“ vum UNODC ervir.

Denkt ee bei schiedlechen Drogen direkt un Heroin oder Methamphetamin, esou sollt een d’Wierkung vun Tubak an Alkohol net ënnerschätzen. Hir Legalitéit, déi einfach Verfügbarkeet an déi gesellschaftlech Akzeptanz maache virun allem den Alkohol zur immens schiedlecher Drog. Et gëtt ee reegelrecht encouragéiert, fir op Evenementer, Partyen oder och zur Feier vum Dag nach e Glas méi ze drénken.

A Gedenken un déi verstuerwen Drogenofhängeg
Auszuch aus der Etüd vum Professor David Nutt. Verschiddenst Substanzen goufen a 16 Kritären op hir Schiedlechkeet bewäert

Wéi d’Weltgesondheetsorganisatioun fir d’Campagne „Alkohol? Wéineger ass besser!“ matgedeelt huet, haten 2019 ganzer 6,6 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung e gestéiert Verhalen zum Alkohol an 2,9% hu souguer eng Sucht opgewisen. Ma, dobäi muss een emol keng Sucht entwéckelen, fir ënnert Alkoholafloss en déidlecht Verkéiersaccident ze provozéieren.

Am illegale Beräich ass et leider oft esou, datt d’Substanze gestreckt an doduerch nach méi schiedlech ginn. Eng Iwwerdosis Heroin kann am Ootemstëllstand endegen, geféierlech Erreeger wéi HIV oder Hepatitis ginn iwwer onsteril Nolen iwwerdroen. Crystal Meth schiedegt d’Gehir a kann zu Häerzproblemer féieren. De Risiko fir Häerzrythmusstéierungen an e plëtzlechen Häerzdout klammen.

De Risiko u purem Kokain ze stierwen, gëtt als relativ geréng agestuuft. Allerdéngs ass et esou, datt dës Substanz beispillsweis mat Insektevernichtungsmëttel gemëscht ass, wouduerch de Pudder zum héichgëftege Mëttel mat Doudesfolgen ka ginn.

Den Drogendout huet vill Gesiichter. Ëmsou méi wichteg sinn d’Preventioun an uerdentlech Hëllef fir Betraffener.

Opmaacherbild: © Taylor Deas Melesh / unsplash

Related topics Alkohol, Crystal Meth, Doudesaffer, Drogesucht, Gedenkdag fir déi verstuerwen Drogenofhängeg, Heroin, Kokain, Preventioun
Next post Previous post