De Reen ass déi gréisste Gefor fir eis all an dëser neier Serie
The Rain ass déi éischt dänesch Produktioun vun Netflix. An
The Rain ass déi éischt dänesch Produktioun vun Netflix. An
Den Asaz vu Glas ass hautdesdaags esou villfälteg, datt et
An enger kuerzer Usprooch huet de KPL-President Ali Ruckert dorunner erënnert, datt d’Sowjetunioun d’Haaptlaascht vum Krich gedroen huet. Hien huet der Rouder Arméi, der Kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun an der sowjetescher Bevëlkerung, mee och den US-amerikaneschen Zaldoten, déi eist Land vun den Nazie befreit hunn, an allen anere Kräfte vun der Anti-Hitler-Koalitioun, Partisaneverbänn a Resistenzorganisatiounen Dank a Respekt gezollt an huet sech verwiert géint gezilt Bestriewungen, fir d’Roll vun der Sowjetunioun, déi mam Dout vu 26 Millioune Bierger déi gréisst Affer bruecht hunn, beim Bekämpfe vu Faschismus erofzespillen, bezéiungsweis ze leugnen.
© KPL
Hien huet och dorunner erënnert, datt de Kampf vun de Lëtzebuerger Kommuniste géint den Hitlerfaschismus schonn 1933 mat der Ënnerstëtzung vun der illegaler KPD an Däitschland ugefaangen huet an datt 1936, wou faschistesch Genereel géint déi republikanesch Regierung a Spuenien geputscht hunn, déi meescht Spuenienkämpfer vu Lëtzebuerg aus a Spuenien gaange sinn an an der Internationaler Brigad mat der Waff an der Hand d’Demokratie an d’Fräiheet verdeedegt hunn. Si ware Kommunisten.
Donieft huet hien och drun erënnert, datt d’KPL déi eenzeg politesch Partei war, déi no der Besatzung vum Land duerch d’Nazien an d’Illegalitéit gaangen ass a Widderstand géint d’Hitlerfaschiste geleescht huet.
Och haut gëllt et, mat de steigende rietsextremen a faschisteschen Tendenzen, wuechtsam ze bleiwen, sou de KPL-President, well „der Schoß ist fruchtbar noch, aus dem das kroch“, wéi den däitsche Schrëftsteller a Kommunist Bertold Brecht et als Warnung géint déi dreeënd nei Stäerkte vum Faschismus formuléiert huet. Dëse Schouss ass de Kapitalismus, deen den Nierbuedem fir déi oppen, terroristesch Diktatur vum Grouss- a Finanzkapital bilt.
Matgedeelt vun der KPL
Opmaacherfoto: © KPL