Search

You may also like

Norwegen: Zuelräich Hënn stierwen u mysteriéiser Krankheet!
Neiegkeeten

Norwegen: Zuelräich Hënn stierwen u mysteriéiser Krankheet!

Eng mysteriéis Krankheet an Norwegen huet an de leschten Deeg

Covid-19: Et ass erëm Homeschooling ugesot
Neiegkeeten

Covid-19: Et ass erëm Homeschooling ugesot

„Wann de Virus sech ännert, mussen och mir eis upassen.“

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher
Neiegkeeten

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher

D‘Entscheedung vum Kirgisistan seng eenzeg Mumie ze begruewen, déi ëmmerhin

Gedenkminutt fir Covid19-Affer am Juni

Gedenkminutt fir Covid19-Affer am Juni

Um Dënschdegmuere gouf an der Chamber den ëffentlechen Debat zur Petitioun 1678, betreffend d‘Organisatioun vun enger nationaler Gedenkminutt fir d‘Covid19-Affer ofgehalen. An dëser vum Daniel Frères virgeluechte Petitioun, war Silvester als Datum gefuerdert ginn, dat quasi als Ersatz fir d‘Freedefeier.

Eng Traditioun déi de Miseler Immobilienhändler an Déiereschutzaktivist am léifste ganz ofschafe wéilt. Dës Siicht deele vill Lokalpolitiker net an den: „Mir dierfen net zur Verbuetsgesellschaft verkommen“ huet och gëschter beim Debat zur Gedenkminutt nees vill Opmierksamkeet erhalen. Dat natierlech ganz besonnesch vun deene politesche Vertrieder, déi elo Zäitno eis Grondrechter wéinst der Covid19-Pandemie beim Vott vum Covid19-Gesetz (7738) mat Verbueter a Fro stellen.

Ganz niewebäi, sollt een och drop hiweisen, datt den Daniel Frères och politesch engagéiert ass, dat an der Piratepartei. Dat woussten och déi Vertrieder vun de Parteien, déi mat hire Stëmmen iwwert d‘Petitiounen „befannen“. Dëse Fait huet natierlech net am geréngsten en Afloss op d‘Decisioun vu politesch neutralen Acteuren. Et ass allerdéngs och keng einfach Affär, zwee Sënnvoll Themen aus renge privaten an/oder parteiinternen Interessen, rhetoresch neutral an ëffentlech ofzeschéissen.

Wéi och ëmmer… d‘Freedefeier wäert also trotz elo ze beschléissender Spärstonn um 21 Auer, op ville Plazen net duerch eng langweileg Gedenkminutt ersat sinn. Déi gréng Vertriederin Chantal Gary huet gemengt, datt d‘Gedenkminutt op Silvester „am Gewulls“ ënnergaange wier, an huet du gemengt, datt et sech komesch ufille géif, matten an enger Pandemie a wärend de Feierdeeg esou eng Aktioun ze veranstalten. Ee Verbuet fir Freedefeier dogéint wier d‘Saach vun de Gemengen.

Déi wichtegst Informatioun awer ass, nodeems da gëschter „entscheet“ gouf datt dës Gedenkminutt op den 23. Juni 2021 verluet gëtt, all déi un dëser ëffentlecher Sëtzung deelhuelend Deputéiert hei ënnerstellen, datt d‘Covid19-Pandemie bis dohinner iwwerstanen ass. Schliisslech war rieds vun enger „grousser Party fir dat ganzt Land“. Ob bei esou enger Party d‘Gedenkminutt fir d‘Covid19-Affer elo méi Beuechtung fënnt wéi op Silvester? Et ass jo emol net sécher datt et zur Party kënnt.

Foto: © Chambre des Députés

Annex: De ganze Video zum Debat

Related topics Covid19-Affer, Daniel Frères, Freedefeierverbuet, Gedenkminutt, Petitioun 1698, Piratepartei
Next post Previous post